D’Oktav ass eriwwer, d’Sprangprëssessioun steet virun der Dier. Zu dëse Forme vu Volleksfrëmmegkeet no Corona, eng Carte blanche vum Georges Hellinghausen.

Et war eng schéin Oktav, vill Leit, d’Leit happy an d’Wierder wéi am Billerbuch – wéi wann et Corona ni ginn hätt. D’Fatima-Wallfahrt zu Wolz ass leider dëst Joer nach ausgefall. Elo hoffe mer op eng hallefweegs „normal“ a flott Sprangprëssessioun den nächsten Dënschdeg.

Carte Blanche vum Georges Hellinghausen

Esou Manifestatioune vu Volleksreliositéit spille jo eng grouss Roll: dass d'Leit sech duerch de Glawe verbridderen an ënnerteneen eng grouss Solidaritéit spieren, erliewen an ausdrécken, a matenee feieren, wouzou och de gesellegen Deel gehéiert – Stéchwuert „Oktavmäertchen“ z. B.

Zënter Jore sti jo och Sprangprëssessioun an Oktav um Inventar vum immaterielle Kulturierwe vun der UNESCO, d’Iechternacher Prëssessioun um weltwäiten, d’Oktav um nationalen. Béid sinn e liewege Patrimoine a ginn als Traditioun vu ville Leit an Associatiounen gefërdert, net zulescht well se e Gefill vun Identitéit a Kontinuitéit an enger dach zimmlech op Changement getrimmter Zäit vermëttelen.

Well iwwert de Glawen eraus, spillen esou Festlechkeeten och eng Roll an der Zivilgesellschaft an hunn e kulturellen Aspekt, dee wäit iwwer dat Reliéist erausgeet. Net fir näischt huet sech bei der Oktav z.B. agebiergert, dass do zënter Corona och kleng Concerten integréiert ginn, déi allgemeng vill Uklang fannen.

Hei kënnt een elo derbäisetzen, déi vill lokal volleksreliéis Eventer wéi: Päischtméindeg zu Éiere vum hl. Pirmin zu Kauneref, zu Éiere vum Hl. Willibrord zu Randschelt, Lëpschent, Wëlwerwolz, um Helperknapp; de Péiter vu Mailand zu Steesel a vill aner Fester iwwer d’Joer verdeelt, wou lokal Helleger gefeiert gi wéi de Rochus zu Biissen, den hl. Valentin zu Béiwen, den hl. Celsus zu Haassel an zu Uesweller... Oder denke mer un d’Seenung vum Krautwësch op Maria Himmelfaart, traditionellen Ausdrock fir déi héichaktuell Suerg ëm d’Natur an hir Nohaltegkeet.

Wann een, am Zesummespill vu kierchlechen a weltlechen Instanzen, e glécklechen Equiliber fënnt tëscht dem genuin Reliéisen an dem Kulturell-Gesellschaftlechen an dobäi d’lokal Veräiner mat abënnt, dann hunn eis volleksreliéis Manifestatiounen eng schéin Zukunft viru sech.