Mir sti kuerz virun engem Walmarathon an engem Kontext vu globale méi och nationale groussen Erausfuerderungen. Den aktuellen ekonomesche Kontext verlaangt, dass mer Lëtzebuerg fir Zukunft robust opstellen an deelweis mat neien Strategien a Konzepter.

De Marc HOSTERT mat e puer Iwwerleeungen heizou.

Carte Blanche vum Marc Hostert

Déi wirtschaftlech a sozialpolitesch Verännerungen ausgeléist duerch den technologesche Wandel an déi laang Rei vu Krisen zanter 2008, wéi d‘Wirtschafts- a Finanzkris no 2008, Migratiounskris vun 2015, d'Covid-Kris vun 2020 bis haut an elo de Krich an der Ukrain, engersäits, an déi grouss weltwäit Erausfuerderungen wéi Klimakris, déi digital  an ökologesch Transformatioun stelle Lëtzebuerg méi wéi jee viru grouss Erausfuerderunge fir Zukunft am  sougenannte Concert mat deenen anere Länner.

Donieft hunn hei am Land eng ganz Partie national Erausfuerderungen net ofgeholl, wéi am Logement, bei der Gestaltung vun eiser Villfältegkeet, bei der sozialer a steierlecher Gerechtegkeet, dem Trafic, bei de Kapazitéits-Enkpäss a villen ëffentlechen a privaten Infrastrukturen, fir nëmmen des Beispiller ze nennen.

Dobäi kënnt, dass déi finanziell Perspektiven et eis an Zukunft sécherlech net méi erlabe wäerten, datt "Eent an dat Anert an nach villes méi"ze finanzéieren, mee nëmmen nach "dat Eent oder dat Anert", ouni d'Zukunft vun den nächste Generatiounen ze hypothekéieren. D’Enn vun der niddreger Zënspolitik a vum Aussetze vun de europäesche Stabilitéitskrittäre wäerten och hei am Land Konsequenzen hunn.

Mir kommen elo an eng sougenannte super Super-Walperiod vu Gemengen-, National-an Europawalen, eng Period,. déi positiv ze nëtzen ass, wa se och als Reflexiounszäit an zu engem Concours d’Idée féiert, wéi mer Lëtzebuerg nei kéinten denken a den Erausfuerderungen a dësem Kontext kënne gerecht ze ginn.

4 éischt Diskussiounspunkte mengersäits wären déi follgend :

1. Eng Strategie ze entwéckelen, fir eise Sozialmodell vun eisem Wuesstemsmodell deelweis ze entkoppelen ;

2. Eng global a mat Europa koordinéiert Groussregiouns-Strategie ze developpéieren, déi zu neie Juridiktioune féiere kéint, fir verschidde Ressourcen a Revenuen op enger fairer Basis ze notzen, auszetauschen an auszebauen. Dëst kéint e Projet-Phare sinn an Europa vun enger Mikro-Integratioun vun 11 Milliounen Awunner:

3. Bei der Usiidlung vun neie Firmen d’Qualitéit vum Kapital genau kucken op de Referenz-Aktionär och Kultur vun eise westlechen Wäerter vertrëtt an evaluéieren, wat de Projet konkret am Kontext vun enger Ekonomie durabel hei am Land bréngt;

4. Bei all Gesetzprojet d’Abette vun Erfolleg-Indicateuren obligatoresch maachen, op Basis vun deenen d'Gesetz no enger bestëmmter Period, déi als "Clause de suspension" oder der"Revisite" definéiert gëtt, op d’Effizienz vun der Politik hin evaluéiert gëtt. Dëser Bewäertung kann den Kader vun enger Verlängerung vum Gesetz Rechnung gedroen.

Dëst si just e puer sougenannten"Idées Martyrs" a ech wënsche mer, dass mer all vun dëser Period profitéieren, fir och Lëtzebuerg zesummen nei ze denken.