Anne Goeres, Direktesch vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner schwätzt iwwert den aktuelle Gesetzesprojet fir de Congé pour raisons familiales.

Eng Carte Blanche vum Anne Goeres

De Congé pour raisons familiales hunn déi meescht Leit duerch d’Pandemie kennegeléiert. Dee Congé war immens praktesch, well en huet eis Elteren erlaabt beim Kand doheem ze bleiwen, wann et mam COVID infizéiert war. Dëse spezielle Congé gëtt et awer an enger anerer Form scho vill méi laang.
An zwar hëlleft en, enger Mamm oder engem Papp, bei sengem Kand ze bleiwen, wann dat ganz schwéier krank ass – wéi zum Beispill am Fall vu Kriibs. Eis Lëtzebuerger Gesetzgebung gesäit vir, dat een Elterendeel ka bis zu 52 Woche fräi kréie fir säi Kand ze begleeden. Dat ass e ganzt Joer a klengt immens. Et ass och wierklech immens wa mer an aner europäesch Länner luusse ginn a vergläichen. Genee dëst Gesetz ass aktuell an Diskussioun a soll iwwerschafft ginn, wéi den Aarbechtsminister op eng rezent parlamentaresch Fro hi geäntwert huet.

Dat ass och gutt esou, well an der Praxis ginn déi 52 Wochen net méi duer an d’Konditioune sinn ze restriktiv. Dauer ass net laang genuch, den Alter ass ze niddereg an et dierf ëmmer nëmmen een Elterendeel dëse spezielle Congé zur gläicher Zäit an Usproch huelen. D’Bedürfnisser si vill méi grouss wéi dat wat d’Gesetz virgesat huet.

Diskussiounen ëm d’Verbesserunge vun dësem Aarbechtsgesetz sinn also prioritär. Duerch d’Pandemie konnte mer all verstoen dat d’Gesondheet an d’Liewensqualitéit vum Mënsch sollen am Mëttelpunkt stoen. An nach ni gouf esou vill ewéi elo vu Work-Life-Balance geschwat.

Un dësem Congé spueren, wär definitiv op der falscher Plaz gespuert. Well wie vun eis wär wierklech kapabel normal schaffen ze goen, wa säi Kand stierweskrank wär. Dat z’erkennen an deem gerecht ze ginn, ass dat mannst wat mer fir eis Kanner a Patiente maache kennen.

Patienten a Patientevertrieder wënsche sech virun allem dat esou Gesetzer net nëmme fir si verbessert ginn, mee mat hinnen!