An engem Joer ass et nees sou wäit. All 5, respektiv 6 Joer geet de Lëtzebuerger Bierger, deen op de Wielerlëschten agedroen ass, bei d’Urnen. Ënnert dem politesche Regimm vun enger representativer Demokratie, a Form vun enger konstitutioneller Monarchie, bleift Lëtzebuerg den eenzege Grand-Duché op der Welt. Eng Carte Blanche vum Christiane Bram, Ekonomist a Kommunikatiounsexpert.

Carte Blanche vum Christiane Bram

De Wieler ass iwwer déi lescht Legislaturperioden, mat weesentleche Remaniementer vun der Regierung confrontéiert ginn. D’Fro, ob dem Wieler säi Wonsch dobäi respektéiert gëtt, bleift oppen. Erklärungen, firwat op Quereinsteiger ouni politescht Engagement zeréckgegraff gëtt, ginn et bestëmmt genuch. Et kënnt een awer net derlaanscht, fir sech ze froen, wou d’Kompetenzen an de Parteie selwer bleiwen, firwat net genuch Leit mat spezifesche Kompetenzen e Wee an d’Politik aschloen, fir am richtege Moment prett ze sinn, fir en héicht politescht Mandat unzetrieden.

De parteiinterne Renouveau duerch engagéiert Memberen ass zéi, entweder et komme keng jonk kompetent Memberen no, oder se ginn net genuch opgebaut an ënnerstëtzt, fir konkret hir Iddie virzedroen, gehéiert ze ginn an aktiv mat hiren Iwwerzeegungen um Parteiliewen deelzehuelen.

Wann Experte fir spezifesch Gebitter baussent der Partei musse fonnt ginn, an Nominatioune vu Leit virgeholl ginn, déi dach vum Fach sinn, mä politesch en onbeschriwwent Blat, kann dëst op nationalem an internationalem Plang gutt fir d’Land sinn. Op der anerer Säit ginn et héichrangeg Beamten, déi d’Ministere mat spezifeschem techneschem Wëssen encadréieren. Fir de Poste vum Minister selwer stellt sech d’Fro, wou de Wieler säi Choix zeréckfënnt.

Wa sou kompetent Leit bereet sinn, e Ministeschposten z’iwwerhuelen, firwat hu se sech dann net éischter politesch engagéiert an eng Parteikaart geholl? D’Volontéit sech fir Land a Leit anzesetzen, misst à priori eng Häerzensugeleeënheet sinn. Firwat hunn dës iwwer Nuecht gebuere Politiker sech net schonn éischter fir d’Gemengepolitik interesséiert oder en nationaalt Engagement gewisen?

D’Representativitéit vun de Politiker gëtt och duerch d’Zesummesetze vun eiser Gesellschaft mat enger héijer Zuel vun internationale Bierger ouni Walrecht an de Leit, déi hei schaffen, mee net hei wunnen, relativéiert. Dës Fro ass jo op d'mannst deelweis am Kader vun der Erneierung vun der Konstitutioun diskutéiert ginn.

Anerersäits gëtt d’Monarchie ëmmer weider Rechter of. Ass dëst eleng dem Drock vun der moderner Gesellschaft zouzeschreiwen, wou eng monarchesch Predominanz net méi an d’Bild vun enger Gesellschaft passt, déi d’Recht huet, alles fir sech selwer ze bestëmmen, seng eegen Decisiounen ze huelen, leider allze dacks op Basis vun alt dach dubiéis neutralen Informatiounsquellen? Oder wéi eng Iwwerleeunge bréngen déi groussherzoglech Famill derzou, hir Roll ze miniméieren?

Mir kënne frou sinn, an engem demokratesche Land ze liewen, wou d’Konstitutioun verankert, datt op d’Bierger gelauschtert gëtt. De Wandel vun der Populatioun an d’Evolutioun vun der Roll vun der Monarchie an der aktueller Zäit sollt trotzdeem d’Gouvernance vum Land a Fro stellen an an eng ugepassten a méi representativ Richtung orientéieren.