Haut, wou déi schlëmmsten Nowéie vun de Festivitéite misste verdaut sinn, d’Béierbänken an d’Iwwerreschter vun de Knupperte geraumt, lount et sech retrospektiv nach e puer Gedanke ronderëm den Nationalfeierdag ze maachen, mengt d’Michèle Schilt vum Zentrum fir politesch Bildung.

Wat feiert een op engem Nationalfeierdag?

Zu Lëtzebuerg hu mer 11 national Feierdeeg. Déi meescht dovun (7) hunn e reliéisen Ursprong. Anerer hunn en direkten oder indirekte Lien mat der Politik oder Gesellschaft: Den 1. Mee feiere mer d'Sozialbeweegungen, den 9. Mee den Europadag an den 23. Juni eben den Nationalfeierdag, dee vun all de fräien Deeg mat de meeschte groussen a klenge Feierlechkeete begaange gëtt. Mä wat feiert een iwwerhaapt op engem Nationalfeierdag?

Carte Blanche vum Michèle Schilt

Dacks ass et den Datum vun der Onofhängegkeet vun enger Kolonialmuecht, Beispill de 4 Juli - Independence Day an den USA. Oder vun engem neie politesche System, de 14. Juli a Frankräich, d'Prise de la Bastille - d'Monarchie absolue huet ausgedéngt. An der Belsch feiere se den 21. Juli an Erënnerung un den Dag, wou de Leopold den I. den Eed op d'Verfassung ofgeluecht huet. An an Däitschland feiere se den 3. Oktober den Tag der Deutschen Einheit: D'Staaten aus der Ex-DDR trieden der Bundesrepublik bäi.

An heiansdo ass den Nationalfeierdag net un e politescht Evenement gebonnen, mä direkt un de Gebuertsdag vum Souverän, sou z.B. an Holland (Koningsdag de 27. Abrëll) oder eben och hei zu Lëtzebuerg, wou mer Groussherzogsgebuertsdag feieren, dee bis 1961 den 23. Januar war - de Gebuertsdag vun der Grand-Duchesse Charlotte - dunn awer (per arrêté grand-ducal) aus pragmatesche Grënn an de méi waarme Juni geluecht gouf an zënterhier bäibehale gouf.

Egal wéi geet et ëmmer em en direkte Bezuch zum Staat. An et ass spannend z'analyséieren, wéi ee Bezuch e Staat sech eraussicht.

Wéi feiert een?

D'Institutioune vum Staat spillen dann och d'Haaptroll deen Dag: De Grand-Duc, d'Regierung, d'Chamber an och d'lokal Acteuren, spréch d'Gemengen. Den Nationalfeierdag ass ee Staatsakt an den Oflaf vun de Festivitéiten ass net willkürlech an och mol matière à discussion, wéi d'Diskussioune ronderëm d'Feier an der Philharmonie an Te Deum an der Kathedral gewisen hunn. De Staat feiert mat Receptiounen, Fakelzuch a Militärparad, Fändelen an Nationalhymn.

Wie feiert?

Ee Staat ass näischt ouni Mënschen - ouni ee "Vollek" oder eng "Natioun". An dësem Fall : All d'Biergerinnen a Bierger vu Lëtzebuerg, all d'Leit, déi hei wunnen oder souguer "just" hei schaffen. Mee: Wat mécht eng Natioun aus? Wien ass "d'"Vollek? Sinn dat d'Lëtzebuerger*innen? Wien ass "de" Lëtzebuerger? Ass dat iwwerhaapt wichteg ze definéieren (...oder gëtt ee Lëtzebuerg soss op)? Geet et virun allem ëm d'Vergaangenheet oder méi em d'Géigewaart an Zukunft? Respektiv méi ëm d'Fro, wéi d'Leit Lëtzebuerg zesumme wëlle gestalten, einfach duerch de Fait datt se hei liewen? Déi Froen ze beäntwerten - grad um Dag no enger Feier - ass sécher schwiereg, mä stelle kann ee se awer.