D'viirlescht Woch gouf et am EU-Parlament zu Stroossbuerg puer wichteg Entscheedungen awer och grouss Onstëmmegkeet iwwer den neien EU-Klimapak “Fit for 55”. A sengem Kommentar vun haut schwätzt de René Winkin vun Duebelmoral a Kuerzsiichtegkeet.

Carte Blanche vum René Winkin

D’EU Klimaziler gi weder an den haapt- politeschen nach an industrielle Kreesser a Fro gestalt. Ma um Wee dohi bleiwen awer puer wichteg Froen, déi d’Politik mat Momenter splécken an och innerhalb vun der Wirtschaft fir vill Opreegung suergen: Et kann ee se an engem Saz resuméieren: Wee soll wéi vill vun de Käschten droen, déi dësen Effort nu mol mat sech bréngt.

A genee op dëser Fro kënnt a mengen Aen Duebelmoral, awer och d’Kuerzsiichtegkeet vun enger Rei politeschen Entscheedungsträger an d’Spill.

D'Politik huet um europäeschen CO2-Quotesystem gefummelt bis et hir gelongen ass, de Präis op haut 80 bis 85 Euro/Tonn ze verdeieren. Lo sollen och déi sensibel Industrië guer keng fräi Quote méi kréien. D’EU-Kommissioun huet Investitiounshëllefe virgesinn, ma déi loossen op sech waarden. D’erneierbar Energie an déi klimafrëndlech Léisungen, déi dozou gehéieren, si schonn a Verzuch. Éischt Industrië gesinn de favorabele Kader fir eng technologesch Ëmstellung op kuelestoff-fräi Produkter scho längst op anere Plaze wéi an der EU. D’EU war deemno Pionéier bei der Reglementatioun, aner Wirtschaftsraim gi wuel Pionéier bei der technologescher Ëmsetzung, an deen Ablack gräift dann och keng Bepräisung méi op den EU-Grenzen.

Deeler vun den Deputéierte këmmert dat awer wéineg. Hinne fält op, dass de Wieler scho bei 25 Euro CO2-Tax rumouert an dofir si si sech dann och eens, dass dee Präis vun haut iwwer 80 Euro weiderhi just fir déi béis Industrie gëllt, awer net fir Beräicher wéi Transport oder Heizen. A wann Transport sollt mat ofgedeckt ginn, dann, wie wonnert et, just wann déi béis Betriber tanke ginn. De Konsument soll net iwwer den europawäiten CO2-Präis incitéiert ginn. Da léiwer der béiser Industrie nach puer zousätzlech Verbueter operleeën.  Et deet mer leed, ma dat ass un Hypokrisie kaum nach z’iwwertreffen.

Et ass donieft awer och kuerzsiichteg. Well lues a lues fält op, dass déi Rechnung net opgeet, an dass d’Käschten, déi d’Industrie operluecht kritt, och beim Konsument ukommen. Ech kann der Zement-, Stol- oder Glasindustrie net d’Quote verdeieren, hir Zukunft an Europa hypothekéieren a mech da wonneren, dass Baue méi deier gëtt, besonnesch wann de Bëllegimport aus Drëttlänner dann och nach ausfält. Idem mat Raffinerie- a Biofuelkäschten. An dat hei ass eréischt den Ufank vun der Geschicht, an et betrëfft natierlech ganz vill Produkter.

Wéi scho gesot, d’Klimaziler gi breet gedeelt. Et kënnt elo drop un se intelligent ëmzesetzen, fir dass de gesamtwirtschaftleche Käschtepunkt sou niddreg wéi méiglech ass. Technologesch Alternative musse vill méi séier hei bei ons favoriséiert an opgebaut ginn, an d’Konsumverhale kann net dat aalt bleiwen. Ëmmer méi an ëmmer méi bëlleg, dat passt definitiv net an dat grousst Bild. Et gëtt dobäi ganz sécher eng sozial Komponent, déi seriö a selektiv muss ugepaakt ginn.

Ma Verantwortungsträger, déi sech Freides bei de Jugendlechen op der rouder Bréck de schéine Männche maachen, an de Rescht vun der Zäit doduerch opfalen, dass se Kafkraaft à gogo, no ale Konsummusteren, afuerderen a sech dra gefalen d’Betriber fir all Iwwel ze beschëllegen, déi Verantwortungsträger bréngen ons op dësem wichtege Chantier nun awer definitiv kee Schrëtt weider.