A senger Carte Blanche schwätzt de Jean Huss, President vun Akut an Exdeputéierten iwwer Retarden a konzeptionell Feeler bei der Realiséierung vun Ëmweltklinik an Ëmweltmedezin.

Carte Blanche vum Jean Huss

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

zanter 1991, dat heescht méi wéi 30 Joer, setzt sech d'ASBL Akut hei am Land a fir eng wierklech effikass Präventioun vu ville chronesche Krankheeten, déi duerch d'Belaaschtung vun eiser Ëmwelt mat dausende vun Chemikalien, Pestiziden, Scheiermetaller, endokrinn wierksame Substanzen oder aus elektromagnéitesche Stralungsquellen ausgeléist kënne ginn. Zu dëse chroneschen Ëmweltkrankheeten, an dat scho bei Kanner oder Jugendlechen, gehéieren déi ëmmer méi heefeg Allergien, Autoimmunerkrankungen, Otemweeër- an Daarmprobleemer, villfälteg neurologesch Krankheeten, wéi zum Beispill MS, Parkinson, zum Deel Alzheimer, mä och Infertilitéitsproblemer oder verschidden Zorte vun Kriibs.

D'Ëmweltmedezin, fir déi mer eis zanter Laangem asetzen, erfuerdert endlech kloer präventiv Reegele vis-à-vis vun Industrie a Wirtschaft, an d'Ëmweltmedezin setzt sech och a fir eng individualiséierten Diagnostik an eng differenzéiert ëmweltmedezinesch Therapie vu kranken Ëmwelt-Patienten.

Zu deenen am schlëmmste Betraffenen dovunner gehéiere virun allem MCS-Patienten, déi ënner Chemikalie-Belaaschtunge leiden, awer och Fibromyalgie, CFS- Chronic Fatigue-Patienten, an zanter enger Partie Joren och Leit, déi ënner Elektrohypersensitivitéit leiden.

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

obschonn de Regierungsprogramm vun 2018 a Saachen Ëmweltmedezin an Ëmweltklinik gréisstendeels ganz positiv war a virun e puer Méint nach de gréissten Deel vun den Deputéierte wärend enger Chamberdebatt dës Ziler ënnerstëtzt haten, ass bis haut leider nach esou gutt wéi näischt dovunner realiséiert ginn. D'Beschäftegung mat der Corona-Kris kann an den Ae vun Akut och net eleng als Entschëllegung fir déi laang Inaktivitéit hierhalen. Mä och deen elo virun e puer Woche vum Santésministère a vum neie Chem-Südspidol-Direkter virgestallte Plang a Saache Fuerschung, medezinesch Aus- a Weiderbildung an Ëmweltambulanz bleift an den Ae vun Akut leider vill ze vill hannert deem zréck, wat eng wierklech effikass Ëmweltmedezin am Interessi vun ëmweltkranke Patiente misst leeschten, vu weideren ongeléiste Problemer wéi speziell Doktesch-Tariffer oder dem endlech néidege Remboursement vun ëmweltmedezineschen Diagnostik- an Therapie- Froen net emol ze schwätzen.

Akut war ëmmer konstruktiv a wäert et och weider sinn, mä eis Zweiwel an deem virleiende Projet si méi wéi grouss.

Jean Huss
President vun AKUT