De Problem vum Hunn a vum Ee– oder e philosopheschen Denkustouss zur Politik an dem gesellschaftleche Liewen um Virowend vun Nationalfeierdag. Dozou eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.

Carte Blanche vzn Jean-Luc Thill

Dat et dem Modell vun Demokratie – egal op international oder europäesch - net besonnesch gutt geet, ass an der Lescht net schwéier festzestellen: ugefaange bei Staaten, deenen hier Keese schonns Joerzéngten eidel sinn, ouni dat Vollek dat soll gemierkt hunn, bis bei Länner, wou demokratesch Strukturen sou gutt sinn, datt permanent Reformbedarf besteet. Guer net ze schwätze vun den dausende vu Mënschen, déi op den europäesche Grenzen optauchen an un eis Diere klappen, fir eragelooss ze ginn. Mir sinn zwar gewinnt, Leit mat vill Misär an Europa opzehuelen, virausgesat de Misär besteet doranner, dat dës Hickecht net sou richteg weess, wouhi mat all hirem Geld. Besteet de Misär awer einfach doranner, datt an der Heemecht vun dëse Mënsche Liewen duerch Kricher oder soss Konflikter onméiglech ginn ass, fir dee Misär schénge mer kee richtege Plang ze hunn. A wéi sou oft, bestätegt d'Ausnam d'Reegel: am Fall vun der Ukrain stinn déi verjote Leit virun oppenen Dieren an déi mat de Sue virun agefruere Bankkonten. Dauert wuel net méi laang, da wäert eng Petitioun optauchen, fir Päischtcroisière post-Corona openger vun deene confisquéierten Oligarche-Yachten kënnen z'organiséieren.

Engersäits also Politiker, déi net agesinn, datt déi Schwieregkeete vun haut oft d'Friichte vu genau där Politik - also hirer eegener – sinn; an anersäits Bierger, deenen et ze laang ze gutt gaangen ass, fir kritesch a vigilant ze bleiwen – nom Motto: Vive de Lëtzebuerger! oder wann d'Revolutioun hir eege Kanner frësst.

Sou schéngt dat anzetrieden, wat de Lyotard[1] schonns viru 35 Joer a sengem Rapport iwwert déi postmodern Konditioun ugekënnegt huet: an zwar, datt sech lues awer sécher kee méi fënnt, deen all déi schéi Geschichte gleeft déi soss eis Institutiounen, eis politescht a moralescht Handele jo eis ganz Gesellschaftsstruktur legitiméiert hunn.

Dat mat der Wourecht war jo och nach ni en einfacht Geschäft a virun allem kee kamoud.

Sou schéngt et, wann souwuel aus de fréiere Botterbierger a Mëllechséien, wéi och aus der aktueller Flüchtlingsproblematik, dem Krich an der Ukrain, dem politesche Rietsruck a Frankräich - wéi och soss an der Welt - een Héngerstall gi wier. En Héngerstall, wou jidderee kuckt zu sengem Kär ze kommen a virun allem keen Ee méi ze leeën a scho guer kee fault. A wann d'Hénger bis net méi un hir eegen Eeër gleewen, dann ass et och egal, wat fir d'éischt do wär an et kann ee sech d'Fro stellen, ob een net besser hätt, vun der Kaz ze schwätzen, déi sech selwer an de Schwanz bäisst? Wéi sou eppes kann ausgesinn, dat exerzéiere mir déi nächst zwee Deeg fir de Nationalfeierdag oder Groussherzogsgebuertsdag, mat der Fro: wat feiere mer dann elo - d'Hung, d'Ee oder awer d'Kaz?


[1] https://www.spektrum.de/lexikon/philosophen/lyotard-jean-fran-ois/208