Widderspréch an Ongerechtegkeeten an eiser Gesellschaft mussen opgedeckt an ëffentlech diskutéiert ginn. Do sti mir all an der Responsabilitéit, mee d'Politik muss dës Biergerflicht promouvéieren an ënnerstëtzen - och wann et heiansdo wéi deet.

Problemer bei der Uwendung vu Gesetzer oder politesche Mesuren, déi Ongerechtegkeete mat sech bréngen, sinn Deel vum gesellschaftleche Fonctionement. Hei e puer Beispiller: Mënschen, déi bei eis schaffen, awer keng Openthaltsgeneemegung kréien, Flüchtlingen, déi hir Famill op Lëtzebuerg wëlle bréngen, awer un administrativen a finanziellen Hürde scheiteren, Mënsche mat Handicap, déi jorelaang fir hier Rechter op Ënnerstëtzung musse kämpfen, Mannerjäreger, déi mat Erwuessene Stroftäter am Prisong agespaart ginn, Sozialhëllefen, déi jee no Office Social verschidde sinn, klimaschiedlech Arrangementer tëscht der ëffentlecher Hand a Gesellschaften, a villes méi.

Duerch hir Kontakter an der alldeeglecher Realitéit begéint d'Zivilgesellschaft Mëssstänn, déi sollen a mussen thematiséiert a behuewe ginn. Am Sënn vun enger konstruktiver Mathëllef a fir di politesch Verantwortlech un hir Responsabilitéiten ze erënneren. Leider gëtt dat awer oft als bëlleg Polemik duergestallt. Do däerf een net opginn, sech net kleng kréie loossen an et muss een ëmmer erëm derhannert bleiwen. Organisatiounen ewéi z.B. Passerell, déi sech fir de Rechtsbeistand vu Flüchtlingen asetzt, musse kënnen op konkret Dysfonctionnementer hiweisen, ouni dass dat Auswierkungen op hir Finanzen an hiert Iwwerliewen huet. De Staat delegéiert vill Verantwortung u Vereenegungen a finanzéiert dofir och hir Aktivitéiten, virun allem op sozialem Plang. Doraus  ergëtt sech dann eng Ofhängegkeet, déi een zécken deet, fir Mëssstänn opzedecken, well dat jo kéint Konsequenze fir d'Zukunft hunn.

Systematesche Lobbyismus vis-à-vis vun der Politik ass d'Normalitéit an der Wirtschaft, mee d’Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft hu keng Kultur vum Lobbyismus, wann et drëms geet, fir gesellschaftlech Grond- a Mënscherechter ze verdeedegen. Dobäi lieft eis Demokratie vum ausgeglachene Kräfteverhältnis tëscht de verschiddenen Interessegruppen.

Jidder Eenzelen ass gefuerdert, sech fir d'Zesummeliewen an eiser Gesellschaft anzesetzen, fir  Respekt a Solidaritéit, mee och fir en nohaltegen Ëmgang mat de Ressourcen oder fir eng méi gerecht a friddvoll Weltuerdnung. Mee dat kënnt net vum selwen, et muss geléiert a permanent gelieft ginn - an der Schoul, op der Aarbechtsplaz, an der Noperschaft oder doheem.

Bierger brénge sech an, wann ee si fir voll hëlt an hinne Vertraue schenkt. Och Mënschen um Rand vun eiser Gesellschaft oder déi, di et méi schwéier hunn, hiert Uleies auszedrécken, hunn eng Meenung an déi zielt.

Bierger däerfen net fäerten, hir Meenung ze soen. D'Politik muss si dozou encouragéieren, hinnen Responsabilitéit iwwerdroen an di néideg Moyenen zur Verfügung stellen. Eng gerecht a nohalteg Gesellschaft ass nëmme méiglech mat enger staarker Zivilgesellschaft an enger Politik, déi dës als Partner unerkennt, se iwwer couragéiert nei Forme vun der Matbestëmmung um nationalen a kommunalen Entscheedungsprozess bedeelegt a se géingt populistesch Stëmmen a Schutz hëlt.

Rechter fale net vum Himmel. Fir eis Rechter musse mer kämpfen - Dag fir Dag an all zesummen.