Wann eis Politik mengt, dass et elo net den Zäitpunkt ass, fir substantiell Reformen ëmzesetzen, fir den Aarmutsrisiko an d’Inegalitéiten hei am Land ze reduzéieren, da beweise si, dass si net méi verstinn, wéi et de Leit um ënneschte Bord geet. Eng Carte Blanche vum Carole Reckinger, Responsabel fir déi politesch Aarbecht bei Caritas Lëtzebuerg.

Carte Blanche vum Carole Reckinger

Wat heescht et eigentlech zu Lëtzebuerg aarm ze sinn? Et ass allgemeng bekannt, dass bal all 5. hei am Land riskéiert vun Aarmut betraff ze sinn. D’Inegalitéiten zu Lëtzebuerg wuessen an d’Schéier tëschent Aarm a Räich gëtt ëmmer méi grouss. Wann een sech an der Mëtt vun der Schéier befënnt ass et schwéier sech virzestellen, wéi d’Leit op béiden Extremer liewen. Hei zu Lëtzebuerg aarm ze sinn heescht fir all 9. ënnert eis 40 Stonnen ze schaffen an awer vum Aarmutsrisiko betraff ze sinn. Et heescht och dass 1 vu 4 Kanner riskéiert iwwert d’Joer keng 2 Puer passend Schong oder nei Kleeder ze hunn. Iwwert déi lescht 5 Joer hunn iwwert 30 % méi Leit Accès kritt, fir beim Caritas Buttek kennen iessen anzekafen.

Elo matten an de verschiddene Krisen ass et méi wichteg wéi jee, d’Kohesioun vun eiser Gesellschaft ze stäerken a méi sozial Gerechtegkeet hierzestellen. Wann dat net geschitt, dann ass dat e Beweis dofir, dass d’Leit um ënneschte Bord am doudege Wénkel vun eiser Politik stinn.

Déi Äermsten an eiser Gesellschaft mussen elo méi cibléiert gehollef kréien an de Géisskane Prinzip den esou oft applizéiert gëtt muss duerch méi geziilt Moossnamen ersat ginn. An deem Sënn ass et essentiell fir eis Politik moossbar Ziler festzeleeën déi mat der Reduktioun vum Aarmutsrisiko an den Inegalitéite verbonne sinn. Nëmme kloer Ziler wäerten et méiglech maachen, Mesuren ze definéieren, fir d'Aarmut an d’Inegalitéiten hei am Land längerfristeg an effikass ze bekämpfen. Instrumenter fir Liewensqualitéit ze moossen, wéi de vum STATEC ausgerechente “PIB Bien-Etre”, mussen och institutionaliséiert a méi systematesch vun der Politik benotzt ginn.

Wa mir elo net reagéieren, trotz oder virun allem wéinst de multipelle Krisen da gëtt eis Gesellschaft ëmmer manner Widderstandsfäeg. Wa mir vu Kris zu Kris ëmmer just punktuell reagéieren, ouni kloer Laangzäit-Visiounen an Ziler, da riskéiert d’Schéier esou wäit auserneen ze goen, dass mir se net méi zesumme kréien. Grad elo ass et dofir wichteg couragéis, laangfristeg an substantiell Reformen ëmzesetzen, fir d’Leit um Bord vun eiser Gesellschaft ënnert d’Äerm ze gräifen.