De fréiere Wirtschaft- an Transportminister Robert Goebbels gleeft net un de Verbuet vum Verbrennungsmotor bis 2035. Hei seng Carte Blanche...

Carte Blanche vum Robert Goebbels

Eng Majoritéit vun europäeschen Deputéierte wëll no 2035 europawäit keen Auto mat Verbrennungsmotore méi erlaben. Exit Diesel a Bensinn. Et soll nëmmen nach Elektroautoe ginn. Eng net ausgeräiften Technologie mat groussem Ëmwelt-Impakt.

Batterie-gedriwwen Autoe funktionéieren iwwer seele Metaller, ewéi Lithium, Kobalt, Koffer an aner Mineralien, déi kaum an Europa ze fanne sinn an déi mam Asaz vu vill Energie, Waasser an Naturverschandelung gewonne ginn. Den Ëmwelt-Rucksak vun der Elektromobilitéit ass eng grouss Laascht.

Wëssen ons Europa-Parlamentarier wat am Rescht vun der Welt lass ass?

D’Enn vum Verbrennungsmotor bis 2035 an der EU gëtt mat Sécherheet néierens imitéiert. Et ass reng onméiglech, an deenen nächsten 13 Joer uechtert d'Welt ronn 1,5 Milliarde klassesch Autoen duerch elektresch Protzmobiler ze ersetzen.

Sécher, d’Elektromobilitéit wäert zouhuelen. Villäicht kënnt e Verbrennungsmotor, dee Waasserstoff als Dreifstoff huet, wann emol d’Produktioun vu Waasserstoff manner Energie kascht, ewéi se der haut bréngt.

Anstatt der technologescher Evolutioun Zäit ze loossen, maachen d’EP-Politiker dat wat si am beschte kënnen: Si verbidden.

De Verbrennungsmotor dreift net nëmmen Autoen. Och Schëffer a Fligeren. An immens vill Maschinnen am Bau, an der Landwirtschaft an an der Industrie. Souguer iwwer 70.000 Panzere weltwäit. Déi pro Kilometer méi Sprit verbrennen, ewéi en normalen Auto op 100 km. Kéint d’Mënschheet op Panzere verzichten, wär dat positiv.

Si kann awer net op Schëffer verzichten. 80% vum Welthandel geet iwwer d’Mier. Och den LNG-Gas oder de Lithium fir d’Elektromobilitéit.

Fir de selwechten Trajet misst en elektresch-ugedriwwent Containerschëff 60% vu senger Ladung duerch Batterien ersetzen. Wou gëtt et en Trakter, dee wéi en Tesla eng 1000 Kilo schwéier Batterie matschleefe kann?

Am Europa-Parlament gëtt et leider eng Majoritéit vun onrealisteschen Dreemerten.