Ganz vir op der Bestsellerlëscht steet am Ablack d'Buch vum Fred Keup an Tom Weidig mam Titel "Mir gi Lëtzebuerg net op". Déi zwee ADR-Politiker molen do e ganz däischtert a pessimistesch Bild vu Lëtzebuerg an der Lëtzebuergescher Sprooch. Dozou haut de Soziolog Fernand Fehlen.

Dëst Buch ass e politescht Pamphlet a gehéiert an d’Gattung vum Deklinismus, dee besonnesch bei onse franséische Nopere gefleegt gëtt, wou vill Auteuren den Déclin vun der Grande Nation reegelrecht zelebréieren. Alles geet d’Baach of: d’Wirtschaft, d’Moral, d’Kultur. Déi chrëschtlech Relioun an d’Natioun souwisou. Déi traditionell Bevëlkerung gëtt duerch d’Immigratioun ënnerwandert an tendenziell ersat. Änleches fanne mer och an Däitschland bei Pegida, eng Ofkierzung, déi jo fir Patriotische Europäer gegen die Islamisierung des Abendlandes steet. Dem Trump säin Slogan Make America Great Again oder de Brexiteers hiren Take back control surfen op der selwechter Well. Dësen Discours wëllt– ënnert anerem –Mënschen, déi real ënnert de wirtschaftleche Bedéngunge leiden, oder déi eeler Generatiounen, déi sech an de Codë vun der haiteger Gesellschaft net méi erëmfannen, mobiliséieren, andeems en hinnen eng nostalgesch gefierfte Vergaangenheet als besser Zukunft versprécht.

Dësen Deklinismus huet et zu Lëtzebuerg aus dräi Grënn schwéier: Éischtens, well onse Wuelstand nach ëmmer grouss ass, besonnesch ënnert der Walbevëlkerung, ëm déi et jo eigentlech geet. Zweetens, well Lëtzebuerg fréier en aarmt Land war an et dofir schwéierfält, Grousses ze fannen, op dat ee kënnt houfreg sinn. Drëttens ass d’Lëtzebuerger Ekonomie absolut op Migranten a Frontalieren ugewisen, esou datt all auslännerfeindlechen Discours absurd erschéngt.

Wat bleift do nach? D’Lëtzebuerger Sprooch, déi als Stellvertrieder-Argument benotzt gëtt. Iwwer Sprooch schwätzen, ass ëmmer och iwwer eppes Aneres schwätzen, dat een net haart soe kann.* Dofir muss een d’Fro stellen, wéi eng politesch Agenda verstoppt sech hannert dem Lamentéieren doriwwer, datt Lëtzebuergesch net méi am Alldag géif virkommen.

De rapide Wuesstem vun eiser Bevëlkerung an Ekonomie bréngt real Problemer an och Sproocheproblemer mat sech, mä wann et konkret gëtt, hunn d’Auteuren net vill Aneres, wéi d’Regierung ze proposéieren. Trotz allem populistesche Gedäisch musse se virun de Sachzwäng kapituléieren, wéi se am folgende Saz och zouginn, deen ech mer erlaben ze iwwersetzen. "Lëtzebuerg huet op global Entwécklunge wéineg Afloss a muss sech mat Ebbe a Flut vun der Globaliséierung an Digitaliséierung arrangéieren. Et muss esou gutt wéi méiglech op der Well reiden."** Fin de citation!

Carte Blanche vum Fernand Fehlen

* Ausländerfeindliche Grafik? https://tinyurl.com/Faktuell416

** Keup, Fred; Weidig, Tom (2022): Mir gi Lëtzebuerg net op. Auflösungserscheinungen einer kleinen Nation. Luxembourg: Selbstverrlag, S. 151.