Mir liewen aktuell an schwieregen Zäiten: Krich an Europa, Covid-Kris, Ofhängegkeet vu Pëtrol a Gas, Transitioun zu aneren Zorten vun Energie.

A wat dat alles mat sech bréngt. Sécherlech ass a bleift d’Präisdeierecht eng riseg Suerg fir all Bierger.

Carte Blanche vum Robert Weber

Ech hunn a mengen 35 Joer Gewerkschaftsaarbecht vill mat Index an Inflatioun ze dinn gehat. Viru 35 Joer hate mer nach e Präisamt. Do sinn d’Präiserhéijungen ugefrot a kontrolléiert ginn. Mir hu reegelméisseg iwwert den Index gestridden. Mir hunn den Index-Wuerekuerf reegelméisseg reforméiert. Mir hunn de System vun der Berechnung hannerfrot. Mir waren ëmmer ganz kritesch mat dem System vun den Präiserhiewunge vum STATEC. Mir waren awer schlussendlech ni zefridden mat dem ganzen System. Leider goung et ëmmer em alles oder näischt. Index jo versus Index neen. Eis Haaptsuerg war ëmmer léiwer e schlechte System wéi guer keen.

Bei deem ganzen Zirkus elo muss ech awer feststellen, dass no 40 Joer a méi, sech awer och näischt geännert huet.
Iwwert den Index an d’Inflatioun gëtt vill diskutéiert, leider vu Leit/Politiker, déi vum ganze System, mat Ausnam vu Schlagwierder, näischt wëssen an näischt verstinn. Och de Statec  huet mëttlerweil mat senge Prognose seng leschte Credibilitéit verspillt.

Zu Lëtzebuerg louch eis Inflatioun laut Eurostat am Mount Mee bei 10,3%. De Statec rechent ( huet eng aner Method ) 6,8%.

Egal wéi, bei der Inflatioun gëtt et e statisteschen Wäert, et gëtt e gefillte Wäert an et gëtt e perséinlechen Wäert.
Schonns no der Aféierung vum Euro hunn d’Bierger vun enger gefillter Inflatioun geschwat, déi ëm e villfacht méi héich war wéi di offiziell Statistik. Schonns zu dëser Zéit hunn Experten aus dem Ausland gesot, dass di gefillten Inflatioun em 10% méi héich wär wéi di offiziell. De selwechten Zenario erliewen mir haut erëm. Et interesséiert just keen!

Bei der perséinlecher Inflatioun ass di ganz Affär nach vill méi grav.

Deen, deen 100 verdéngt, huet bei 10% Inflatioun nach 90 iwwreg. Deen, deen 200 verdéngt, huet nach 180 iwwreg. Hei hëlleft den Index näischt. Den éischte muss sech aschränken an den zweete spiert näischt bis net vill.

Dobäi kënnt, dass no all Kris di Räich méi räich gi sinn an di Aarm méi aarm.

Inflatioun ass d’Resultat vun Geld- a Fiskalpolitik!

Et muss also d’Fiskalpolitik sinn déi hei korrigéiert. Leider kënne mir zu Lëtzebuerg nëmmen eng Fiskalpolitik, déi di Besserbemëttelt ënnerstëtzt.

Eng Politik géint d’Aarmut, mat Ausnam vu Gebraddels, hu mir net!

Vun Präiskontrolle schwätzt haut kee méi. Dobäi wier et interessant ze kucken, ob all Präiserhéijung och wierklech noutwendeg ass a war?

Lo äntweren der vill, dass dat an enger liberaler Maartwirtschaft net méiglech ass!?

Wéi ass et dann eigentlech méiglech, dass d’Inflatioun an der Schwäiz am Mount Mee bei 2,7% loung? Si produzéieren dach esou vill Pëtrol, Gas an Elektresch ewéi mir!