Am Buch vum Organisatiounspsycholgue Adam Grant mam Titel „Think again. The power of knowing what you don't know" betount hien d'Wichtegkeet dovun, eis Meenungen och mol z'iwwerdenken. Esou en „wëssenschaftlecht Denken", sou schreift hien, kann eis hëllefen, nei Léisunge fir al Problemer ze fannen. Wat dëst mam Infirmiersberuff ze dinn huet, weist d'Anne-Marie Hanff, Infirmière an Doktorantin an der Fleegewëssenschaft.

Carte Blanche vum Anne-Marie Hanff

Déi meescht vun eis sinn houfreg op hiert Wëssen an dorop, dass si hiren Iwwerzeegungen trei bleiwen. Dat ergëtt Sënn an enger stabiller Welt, wou sech näischt verännert, mä net an der Fuerschung

Eng fundamental Kompetenz vun engem Wëssenschaftler ass et nämlech grad, Saachen nei ze denken. Wëssenschaftler ze sinn, ass dobäi net nëmmen e Beruff, et ass och eng Haltung, eng Denkweis, déi no der Wourecht sicht.

Wëssenschaftler fänken net mat Äntwerten oder Léisungen un, mä mat Froen. Si priedegen net eppes aus hirer Intuitioun eraus, mä si leieren duerch Beweiser. Dobäi siche si no Grënn, firwat si falsch leie kéinten, an net no Grënn, firwat si Recht mussen hunn. Well wärend anerer der Meenung sinn, dass et en Zeeche vu Schwächt ass, seng Meenung z'änneren, ass et fir e Wëssenschaftler en Zeeche vun intellektueller Integritéit!

Et geet net ëm hien, mä drëms, d'Wësse fir jidderee weider z'entwéckelen. An dobäi muss ee kee Wëssenschaftler sinn, fir wei e Wëssenschaftler ze denken.

Fir erauszefannen, wat déi wierklech grouss Presidenten aus den USA ausgezeechent huet, hunn Experten an Historiker si beurteelt. An entgéint den Erwaardungen, hunn si sech beispillsweis net duerch hiren Éiergäiz oder hiert Wëssen ausgezeechent. Entscheedend war hiren intellektuelle Virwëtz an hir Oppenheet. Si waren drun interesséiert, nei Usiichten ze héieren an hier al Usiichten ze iwwerpréiwen, amplaz alles z'ignoréieren, wat net zur Gonscht vun hire Wieler war. Obwuel si Politiker waren, hu si d'Problemer dacks wéi e Wëssenschaftler geléist.

Leider fënnt esou en Ëmdenkprozess heefegt net statt. Dëst erkennt een un Aussoen ewéi „Dat hu mir schonn ëmmer sou gemaach.". Op d'Fleeg bezunn, ass déi Ausso de Géigendeel vun enger Evidenz baséierter Fleeg, d.h. enger Fleeg, déi hir Handlungen hannerfreet an hir Entscheedung mat wëssenschaftlechen Erkenntnisser, hirer Erfarung an de Besoine vum Patient begrënnt an net domadder, „dass et schonn ëmmer sou gemaach gouf.".

D'Uni Lëtzebuerg huet zwou Professorinnen an der Fleegewëssenschaft ernannt. Jo, de Studium wäert den Infirmièresberuff zu Lëtzebuerg veränneren! Mee all de Verännerunge bleift d'Infirmière eng Infirmière. Si wäert nach ëmmer fir déi betraffe Leit, hiert Ëmfeld an d'Problemer duerch d'Erkrankung suergen. Si wäert nach ëmmer Matgefill hunn an den Kontakt mat Mënsche gären hunn. Mee eben e bësse méi wéi e Wëssenschaftler denken. An dat kënnt eis all ze gutt!

Literatur

Adam Grant (2022) Think again – Die Kraft des flexiblen Denkens: Was wir gewinnen, wenn wir unsere Pläne umschmeissen. Piper Verlag