D'politesch Rentrée 2022 wäert no 2 Joer Kris, bedéngt duerch de Covid, markéiert sinn duerch déi wirtschaftlech, finanziell a sozial Nieweneffekter vum Krich an der Ukrain. Keng einfach Situatioun fir d'Bierger, d'Betriber an d'Politik.

E Sonndeg fënnt déi 1. Reunioun vun der Tripartite statt, wou d'Sozialpartner versichen, Äntwerten op déi aktuell exzeptionell Inflatiounskris ze fannen.

Wat den Ausgang vun dëse Reunioune wäert sinn, ass ongewëss. Sollten d'Gewerkschaften allerdéngs net de Wëllen hunn, d'Gravitéit vun der Kris unzëerkennen, da riskéiert d'Tripartite ze scheiteren.

Fakt ass, dass ons Gesellschaft vun Angscht an Ongewëssheet gepräägt ass. Ëm de Wuelstand, ëm d'Sécherheet, virun der Explosioun vun den Energiepräisser a virun engem méigleche Blackout am Wanter.

D'Politik ass an der Flicht, dem Bierger z'erklären, dass an Zukunft méi kleng Bréidercher musse gebak ginn, mä virun allem, wéi dat soll geschéien. Kloer an transparent Messagë missten eigentlech d'Gebot vun der Stonn sinn.

A vun de Politiker gëtt erwaart, dass si virausdenken an antizipéieren. An do läit all ze oft d'Kromm an der Heck.

Dem Putin säi brutalen Iwwerfall op d'Ukrain steet am Kader vu senger imperialistescher Ideologie, fir Russland zu vergaangener Gréisst ze bréngen. Dëst hätt eigentlech keng Surprise fir westlech Politiker dierfe sinn, besonnesch no der Annexioun vun der Krim 2014.

Stattdessen hu westlech Länner sech ëmmer méi an eng energetesch Onofhängegkeet vu Russland eramanövréiert, déi à l’origine vun onse jëtzegen exzeptionelle Problemer steet.

Et ass seelen, datt Politiker sech agestinn, datt se Feeler gemaach hunn. Dat ass awer d'Viraussetzung, fir et an Zukunft besser kënnen ze maachen.

Aus deem Grond sinn déi kloer Wierder vun der Kommissiounspresidentin ëmsou méi bemierkenswäert. An hirer Ried zum „état de l'Union Européenne“ sot d'Ursula von der Leyen, datt Europa hätt sollen op déi baltesch an osteuropäesch Länner lauschteren, déi virum Putin gewarnt haten.

Absolutt positiv, war dunn awer nom Ufank vum Krich déi schnell Reaktioun vun Europa, wéi unanime Sanktioune géint Russland decidéiert, Flüchtlingen opgeholl an humanitär, finanziell an militäresch Hëllef agesat goufen. Dëst huet bewisen, dass Europa als Ensembel nach fonctionéiere kann.

D'Fro sief allerdéngs erlaabt, ob dëst och weiderhin unhält, sollt de Krich an déi domat verbonne Kris sech an d'Längt zéien. Sollten nämlech EU-Länner ufänken, no hirem eegenen Interêt statt dem Gruppenintérêt ze kucken, face zur Kris, hätt de Putin dat erreecht, wat e wëll: nämlech Europa ze splécken an domat dauerhaft ze schwächen.

Den Discours vun der Kommissiounspresidentin huet ënnerstrach, dass d'Politik verstanen huet, wat fir déi europäesch Demokratien an d'Europäesch Unioun um Spill steet.

Konkret Mesurë sinn elo noutwendeg, um europäeschen an um nationale Plang, fir et de Betriber an de Bierger z'erlaben, esou gutt et geet duerch d'Kris ze kommen, wëssend, datt net alles vum Staat oder der Wirtschaft ka kompenséiert ginn.

An hirer Ried huet d'Kommissiounspresidentin kloer Ziler a Mesuren um energeteschen, ekonomeschen an institutionelle Plang opgezeechent a resolut an d'Zukunft gekuckt. Bleift ofzewaarden, wéi den Discours "sur l'état de la Nation" hei zu Lëtzebuerg wäert ausgesinn.

Am Moment huet een net onbedéngt den Androck, datt d'Politik weess, wou d'Rees soll higoen. Dobäi ass Onsécherheet Gëft fir d'Wirtschaft a fir d'Gesellschaft.

Tom Wirion