D'Schrëftstellerin Elise Schmit huet d'Kulturprogrammer vum 1. Trimester gelies an iwwert Hondsmaske gelaacht.

Carte Blanche vum Elise Schmit

Et huet emol e Meme behaapt, Inten hätten Hondsmasken op. Um Schniewel vun enger Int sinn zwee Punkte wéi Aen, uewen Zacke wéi Oueren a vir e schwaarze Punkt wéi eng Schnuff. Dir kënnt dat googelen. Mee opgepasst: Wien dat eemol gesinn huet, ka keng Int méi kucken, ouni ze laachen.

Un dee Witz hunn ech geduecht, wéi ech d'Agendae vun enger Dose Kulturhaiser gelies hunn. Ech hunn einfach emol gezielt, wéi dacks fir de Rescht vum Joer Fraen eng Bün zur Verfügung gestallt kréien a wéi dacks Männer. Mir sinn dobäi e puer Saachen opgefall.

Éischtens sinn déi meescht Programmer equilibréiert. Si huelen et souguer ganz genee: Bei méi wéi der Halschecht ass et am Verglach héchstens eng Fra oder ee Mann méi. Dat gëllt bei deene selwechten Haiser och fir d'Auswiel vun de Sujeten, wann déi op Persoune bezu sinn, zum Beispill d'Wiel vun historesche Perséinlechkeeten als Theema vun engem Virtrag. Am Allgemenge gëtt also e bewossten Effort gemaach, fir Frae vis-à-vis vu Männer net ze benodeelegen.

Firwat soen ech dat esou? Ma well zweetens d'Tendenz, falls se an eng Richtung geet, ëmmer déi selwecht ass. Ech hu souguer zwou Institutioune fonnt, déi vun am Ganzen 11 Manifestatioune just eng organiséieren, bei där sech Fraen a Männer d'Bün deelen. Fir de Rescht: nëmme Männer.

Mir schwätzen hei net vun enger Minoritéit a wéi se an den ëffentlechen Debat kann integréiert ginn. Et gëtt an der Gesellschaft net manner Frae wéi Männer. Wann een also engem sou flagranten Ongläichgewiicht begéint, stellt sech d'Fro, wéi et dozou konnt kommen. Et geet jo warscheinlech, sou kritt een ëmmer ze héieren, ëm d'Inhalter, an net ëm déi Leit, déi se presentéieren. Mee wat heescht dat, wann an aller Reegel eng Säit méi schlecht ewechkënnt? Do gleeft hoffentlech keen un en Zoufall oder déi magesch Kraaft vum Universalismus oder soss eng Zort Kleeschen. An et geet och keen dovun aus, Frae wiere manner interessant a manner talentéiert wéi Männer, dass se déi gutt Inhalter, ëm déi et jo geet, net produzéiere kéinten.

Déi Leit, déi sou onequilibréiert Programmer zesummestellen, si sech dees vläicht guer net bewosst. Dat ass jo gemengt, wann ee vu strukturellem Sexismus schwätzt: Do muss keen explizitt schlechte Wellen oder ausgepräägten Haass op Fraen dohannert sinn. Et geet duer, dass e puer onreflektéiert Prejugéen hiert Onwiesen am Onbewossten dreiwen. Ee Gléck, kann ee sech sou Hondsmaske verhalen an da bei där nächster Kéier besser oppassen. Net dass um Enn aus der Mask nach e Briet virum Kapp gëtt.