Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf iwwer eng Initiative an Däitschland, déi Lëtzebuerg och gutt zu Gesiicht stéing.

Eng Carte Blanche vum Richard Graf

De Méindeg gouf an Däitschland eng Initiative vun iwwert Honnert Expert*innen an Organisatiounen aus dem Beräich Architektur, Stadentwécklung, Klimaschutz asw. lancéiert, déi an engem oppene Bréif un déi däitsch Wunnengsbauministerin fir en „Abrissmoratorium“ antrieden. Ee bësschen Bedeelegung aus Lëtzebuerg gouf et och, ass dach de Florian Hertweck, deen op der Uni.lu Architekturprofesser ass, Matinitiator.

Och wann Wunnengsproblematik an Däitschland sech regional ënnerschiddlech duerstellt, sou ass se dach besonnesch an den ekonomeschen Ballungszenteren, duerchaus mat der Lëtzebuerger Situatioun vergläichbar.

Ëmsou méi kéint also op den éischte Bléck stutzeg ginn, firwat grad och Vertrieder*innen aus der Baubranche fir en Stopp vum Ofrappen vu bestoenden Haiser antrieden. Heescht et dach oft, datt al Bausubstanz energetesch net méi ze vertrieden ass an duerch eng modern an densifiéiert Architektur méi Wunnraum ka geschafe ginn. Al Brake stinn do nëmmen am Wee.

Genau dat wier de falschen Usaz, seet déi erwäänten Initiativ: Mat där Method ass d'Baubranche an Däitschland zum gréisste Produzent vun Offall ginn. Zerstéierung vun der sougenannter „groer Energie“, also der Energie, déi schonns fir de Bau an d'Materialien vun den ursprénglechen Haiser verbraucht gouf, kombinéiert mam Energie-Opwand, dee fir di nei Gebaier ufält, ass d'Baubranche zu enger enormer CO2-Schleider ginn.

Si bréngt et och net fäerdeg, d'Klimareduktiounsziler, déi se sech selwer gesat huet, anzehalen – am Géigendeel.

Et ass elo net méiglech op déi eenzel Argumenter vum Abrissmoratorium anzegoen – déi wou interesséiert sinn, kënnen op déi entspriechend Homepage kucke goen, einfach abrissmoratorium.de uwielen.

Nieft der Fro vun der groer Energie ass virun allem d'Approche vum Moratorium wichteg: Ier ee Gebai kann ofgerappt ginn, soll fir d'éischt eng Aart Bilan gemaach ginn, deen iwwer déi ekologesch, energetesch an ekonomesch Gesamtrechnung – iwwert déi ganz Liewenszäit vun dem geplangte Gebai – och soziokulturell Aspekter soll ëmfaassen.

D'Beweislaascht gëtt ze soen ëmgedréint: Deen, deen ofrappe wëll, muss beweisen,  firwat dat Sënn mécht. Net iergend en Denkmalschutzamt oder eng Ëmweltverwaltung muss argumentéieren, firwat eng gewësse Bausubstanz soll erhale bleiwen.

A wann dann awer deelweis oder ganz dierf ofgerappt ginn, kann ëmmer nach virgeschriwwe ginn, datt méiglechst vill Baumaterial – also och gro Energie – soll erëmverwäert ginn. Iwwerfëllte Bauschuttdeponië passe laut der Initiativ einfach net méi an d'Zäit.

Esou een Hiewel kéint och hei am Land déi ëmmer méi ugespaanten Situatioun am Beräich vum Denkmalschutz hëllefen entschäerfen: Si erënnert e bësschen un d'Chamberspetitioun 1638 aus dem Joer 2020, wou esou eng Dispositioun fir all Gebai dat virun 1955 gebaut gouf sollt agefouert ginn.

Déi Iddi gouf zwar deemools vill gelueft, awer bekanntlech am neien Denkmalschutzgesetz net iwwerholl. D'Konsequenze dovunner gesi mer bal all Dag an huet een d'Gefill, wéi wann d'Vitess, mat där zu Lëtzebuerg d'Baggeren zum Asaz kommen ëmmer méi zouhëlt.

Paradigmewiessel ass esou e Moudewuert, datt ee bal net méi kann héieren. Am Fall vum Erhale vun aler Bausubstanz ass et allerdéngs héich Zäit, datt mer net nëmmen d'Richtung wiesselen.

Mir mussen och kräfteg op d'Brems klammen. Duerfir sinn och déi 25 Joer, déi dat neit Gesetz fir e wëssenschaftlech beluechten Inventaire virgesäit, einfach ze laang.