An de leschte Joren a Méint hu sech d'Krisen iwwerschloen: D'Klima-Kris, d'Corona-Kris, de Krich an der Ukrain, d'Energie-Kris, d'Wirtschaftskris an d'Präisdeierecht. Alles Krisen, déi nach laang wäerten undaueren. Grad elo heescht et dofir Responsabilitéit z'iwwerhuelen a solidaresch ze sinn, seet d'Anne Brasseur, fréier DP-Vizepresidentin.

Eng Carte Blanche vum Anne Brasseur

Zu Lëtzebuerg hu mer d'Gewunnecht, Krise solidaresch unzegoen. Dat war an ass ons Stäerkt. Nieft der Brems vun der Präisdeierecht ass et evident, datt mir deenen am meeschten hëllefe mussen, déi d'Enner kaum oder guer net beienee kréien, an dat gëllt fir d'Bierger mat hire Familljen, mee och fir d'Betriber.

Et ass net déi éischte Kéier, dass ons Eenheet op d'Prouf gestallt gëtt. D'Stolkris an de Siwwenzegerjoren an d'Finanzkris vun 2008 hunn ons vill ofverlaangt, mee mir hunn zesummegehalen, hunn déi Probleemer zesumme gemeeschtert a si gestäerkt aus der Kris erausgaangen.

A schwieregen Zäiten zesummestoen, dat ass de Lëtzebuerger Modell. E Modell, deen op Dialog baséiert. E konstruktiven Echange tëscht der Politik an de Sozialpartner. Dëse Modell erlaabt et, all Säiten ze héieren an zesummen déi beschtméiglechst Léisung ze fannen. All d'Acteure mussen deels hir eegen Interêten an den Hannergrond stellen, fir am Sënn vun der Allgemengheet Léisunge matzedroen, och wa se net bei jidderengem op grouss Begeeschterung treffen.

Bei de schwieregen Tripartite-Verhandlungen hunn all d'Acteuren, Regierung, Salariat a Patronat, Decisiounen am Interêt vum Land getraff an domat am Interêt vun ons all a si si fir hir responsabel Haltung ze felicitéieren.

Et geet elo drëm, weider Verantwortung z'iwwerhuelen: Verantwortung vis-à-vis vun deenen, deenen et net esou gutt geet. Mee och vis-à-vis vun der Zukunft vum Land, dat heescht vis-à-vis vun de Jonken an de kommende Generatiounen. Mir däerfen a kënnen duerch onsen Egoismus hir Zukunft net op d'Spill setzen. Mir brauchen elo dës sozial, pragmatesch an effikass Moossnamen aus der Tripartite, déi direkt gräifen, mee déi mer musse finanziell stemme kënnen.

Dofir sinn haut méi wéi jee Solidaritéit a Responsabilitéit net nëmme vun der Politik, de Gewerkschaften an dem Patronat gefuerdert, mee vu jidder Eenzelem vun ons.