News oder Fake news? E Begrëff, deen iwwer déi lescht Joren an eisen normale Sproochgebrauch iwwergaangen ass an eng Rei Iwwerleeunge mat sech bréngt. Eng Carte Blanche vum Christiane Bram, Ekonomist a Kommunikatiounsexpert.

Eng Carte Blanche vum Christiane Bram

Nouvellen, wéi fréier gesot ginn ass, ware per Definitioun, Aktualitéiten, déi en agreéiert Presseorgan publizéiert huet, an déi sou als korrekt Informatioun an eise Käpp ofgespäichert gi sinn. Et konnt ee sech drop verloossen, datt dës nogekuckt waren a soumat eng gewësse Richtegkeet opweise konnten.

Aus Nouvellë sinn News ginn, an News ginn net nëmmen iwwer Presseorganer verbreet, mee mëttlerweil genau sou vill iwwer sozial Netzwierker. Dat heescht jidderee ka souzesoen News verbreeden, a souwuel säin eegene Reseau, wéi d’Reseaue vun den Netzwierker notzen, fir eng grouss Diffusioun ze kréien. Dobäi gëtt et kee Code de Deontologie, wéi soll a muss kontrolléiert ginn, datt eng Noriicht och stëmmt, ier se ëffentlech verbreet gëtt. Mee wat de Post, am beschte Fall och nach mat enger perséinlecher Meenung gemëscht, méi dacks am Reseau gedeelt gëtt, wat d’News méi Wichtegkeet kritt, an op eemol als solch unerkannt ass a fir boer Mënz geholl gëtt. Net duerch d’Iwwerpréiwen, mee duerch d’Verbreedung.

Sech eng Meenung an der Press huelen a seng eege Meenung dann opbauen, iwwerleeë wat richteg oder falsch ass, Sourcen nokucken, a sech op fondéiert Analyse beruffen, ass an der séierer an onreeller Welt vun de soziale Medien net onbedéngt ginn. An d'Differenz maachen tëscht News a Fake News gëtt ëmmer méi schwéier fir de Jang vun Hëpperdang, dee permanent vun allméiglechen Informatioune reegelrecht iwwerschwemmt gëtt. Dat neit europäescht Reglement « Digital Services Act » wat muer am EU-Parlament soll gestëmmt ginn, leet nei Linnen an dem Beräich fest an ass e wichtege Schratt an déi gutt Richtung.

Grad bei eeschten Aktualitéitsthemen muss ee sech op gepréiften Informatioune baséieren, wéi dat an demokratesche Länner bei den etabléierte Presseorganer de Fall ass, ier Sujeten op de sozialen Netzer breetgetrëppelt ginn. Ëmsou méi wichteg ass et op Medien zréckzegräifen, wou eng kloer Trennung tëscht Informatioun a Meenung operéiert gëtt an déi professionell un e Code de Deontologie gebonne sinn. Natierlech muss een ëmmer den Aktionär vum Pressegrupp am Hannerkapp behalen, wat d’Meenungen an d’Selektioun vun den Artikelen a Beiträg ugeet.

D’Limitt oder besser gesot d’Platebande tëscht Beiträg déi stëmmen oder deenen déi d’Realitéit verdréien, gëtt ëmmer méi breet, an eng grouss Grozon an dem Beräich ass mëttlerweil vun der Gesellschaft fir normal ugeholl a gedult. D’Akzeptanz vu Fake News ass reell. Aus deem Grond spillt eng konsequent Medienerzéiung vun de Jugendlechen, déi net mat enger recherchéierter Press als dagdeegleche Begleeder opwuessen, eng wichteg an incontournabel Roll fir eis Zukunft!