Dat seet de Generaldirekter vun der Chambre de Commerce. Hei ass d'Carte Blanche vum Carlo Thelen.

D'Dauerkrisen a besonnesch déi aktuell Energiekris ziert un de Gewënn-Margë vun eise Betriber an dat zu engem Zäitpunkt, wou dës massiv missten investéieren, fir der duebeler ökologescher an digitaler Transitioun gerecht ze ginn.

Den Accord aus der leschter Tripartite schwächt zwar kuerzfristeg Symptomer vun der Energie-Inflatioun of, mee ass keng Äntwert op d'Feele vu Previsibilitéit an de Verloscht vu Rentabilitéit, déi de Betriber momentan vill Suerge maachen.

Eis Betriber kënnen hir zousätzlech Käschten dacks guer net un de Konsument weiderginn. Lëtzebuerg ass eng Exportnatioun: Eis Finanzplaz an eis Industrie exportéieren hir Servicer a Produkter a sinn am Ausland enger staarker Konkurrenz ausgesat. Do kënnen déi ufalend Indextranchen an héich Energiekäschten net op de Client um internationale Maart ofgewältzt ginn. Also ginn d'Gewënnmargë vun eise Betriber erof. An dat bedeit, dass si och manner Steiere bezuelen, net an d'Zukunft investéieren an deemno wéi och keng Leit méi astelle kënnen.

Schonn am leschte Fréijoer hunn am Wirtschafts-Barometer vun der Chambre de Commerce een Drëttel vun den Entreprisen uginn, dass se mat engem Réckgang vun hirer Rentabilitéit rechnen. Et dierf ee gespaant sinn, wéi dëse Barometer am Hierscht ausgesäit, mee elo ass scho gewosst, dass a ville Secteuren d'Confiance um Déifpunkt an d'Onsécherheet virun der Zukunft grouss ass.

D'Angscht ëm eng Hausse vun de Faillitten - déi eis glécklecherweis, duerch déi sëllegen Hëllefsmoossname wärend der Pandemie zum Groussdeel erspuert bliwwen ass - ass erëm zréck. Momentan gesi mir, dass d'Zuel vun de Liquidatioune staark klëmmt, wou verschidden Entrepreneuren einfach mat hirer Aktivitéit ophalen.

Et ass awer grad elo, wou d'Betriber verstäerkt an hir digital an ökologesch Transitioun investéiere missten.

D'Mesuren, déi am Tripartitesaccord decidéiert goufen, hunn de Merite, d'Kafkraaft vun de Stéit ze stäipen. Och kënnen d'Betriber, déi am meeschten ënnert den héijen Energiekäschte leiden, eng direkt Hëllef kréien.

Et ass awer ze fäerten, dass déi Moossname fir d'Stéit, déi fir de Staatsbeidel ganz deier, well onselektiv sinn, net wäerten duergoen, fir d'Inflatioun esou ofzebremsen, dass et 2023 bei 2 Indextranchë bleiwe kéint. De Risiko vun enger 3. Tranche ass kloer do, wat nieft der Erhéijung vum Mindestloun vun 3,3% den 1. Januar 2023 an nieft den Energiekäschten eng extrem schwéier Lascht fir eis Betriber, an notamment déi kleng a Mëttelbetriber duerstellt.

Mir mussen elo dringend eng seriö Diskussioun iwwert Wettbewerbsfäegkeet vun eiser Wirtschaft féieren, déi wäit iwwert dat kuerzfristegt Offiedere vun den Energiepräisser erausgeet. Eis Betriber beweisen eng bemierkenswäert Innovatiounsfäegkeet, an och wärend der Pandemie hu si eng grouss Resilienz un den Dag geluecht.

Mee, wa mir elo um Punkt ukomm sinn, dass ëmmer méi Betriber trotz héijer Nofro keng Sue méi verdéngen mat hirer Aktivitéit, dann hu mir ee ganz seriéise Problem. An deen ass an den leschten Tripartite-Diskussioune gréisstendeels ignoréiert ginn.