Haut schwätzt d'Magali Paulus eis vu Fraen: Fraen déi zu Lëtzebuerg ëmbruecht ginn, Fraen déi am Iran an d’Strooss gi fir géint en oppressive Regime ze manifestéieren, Fraen déi sech fir d’Fräiheet an d’Liewen asetzen. Si schafft fir CELL an ass engagéiert bei etika an dem Collectif Tax Justice Lëtzebuerg.

Eng Carte Blanche vum Magali Paulus

Ech wollt eigentlech des Carte blanche iwwert Freed maachen, Freed um Engagement, Freed um Opbau vun enger neier Welt, mee d’Freed ass mer alt erëm vergaangen, wéi an de leschte puer Wochen 2 Feminiziden zu Lëtzebuerg geschitt sinn. D’Freed huet dunn d’Plaz un der Roserei gelooss, dass ëmmer nach Frae brutal stierwe mussen, an dass da vun haislecher Gewalt geschwat gëtt an net vu Feminizid. E Feminizid ass en Mord un enger Fra, well se eng Fra ass. E Mord a KEEN Bezéiungsdrama. Déi 2 Affer vu Feminiziden sinn eng jonk Fra vun 20 Joer am Garer Quartier, déi vun hirem 25 Joer ale Partner mam Hummer erschloe gouf. Vun hier hu mer nach keen Numm. D’Diana Santos ass des Woch identifizéiert ginn, nodeems hiren Uewerkierper zu Mont Saint Martin fonnt ginn ass. Si hat 40 Joer an ass zerstéckelt ginn an ouni Kapp erëmfonnt. Nieft der individueller Tragic vun dëse Feminiziden, muss déi strukturell Gewalt géint Frae méi visibiliséiert ginn. Dofir brauche mer och hei zu Lëtzebuerg méi kloer Zuelen, wat d’Gewalt u Fraen a Meedercher ugeet an eng legal Definitioun vum Begrëff Feminizid.

Wärend der nämmlechter Zäit, sinn aner Fraen op der Virfront vun enger Rebellioun. Am Iran ass virun 3 Wochen d’Mahsa Amini vun der Sittepolice ëmbruecht ginn, well et säi Foulard net richteg unhat. An deenen 3 Woche si vill zemools Fraen, mee och jonk Männer an d'Stroossen iwwerall am Iran gaangen, fir géint den oppressive Regime ze manifestéieren. D’Manifestante gi brutal ënnerdréckt an et sinn der scho vill gestuerwen. E Rapport vun Amnesty International schwätzt vun enger systematesch Repressioun. Ech zielen elo e puer vun deenen déi, bis elo, hiert Liewe gelooss hunn op:

Gasaleh Chelavi

Hananeh Kian

Minu Majidi

Mahsa Mogoei

Hadis Najafi

Nika Shakarami,

Sarina Ismailzadeh

Fraen, Liewen, Fräiheet sinn déi Wierder, déi d’Stroossen erfëllen. Zanter 44 Joer däerfe Fraen am Iran net wiele wat se undoe wëllen. Déi aktuell Protester baséiere sech op Wäerter, déi net vu bausse kommen, aus dem Westen, mee all d’Wäerter, déi e fräit Land braucht, si schonn do. Et brauch Kampf, Wëllen a Wëssen, dass ee géint déi patriarchal Strukture gewanne kann. An dorëms geet et, d’Patriarchat ze bekämpfen. Hei, am Iran a soss iwwerall op der Welt. Solidaritéit also mat all de Fraen! Fraen, Liewen, Fräiheet!