Wann ee säi Geld uleet, erwaart ee sech sécher ee räsonabele Rendement, awer et stellt ee sech och vläicht d'Fro, ob dat och nohalteg investéiert gëtt. An dëser Carte Blanche vum Michel Maquil gëtt dorop higewisen, datt do scho ganz performant Norme bestinn, wéi een eng optimal Nohaltegkeet kann erreechen, déi ee positiven Impakt huet op de Client, de Mataarbechter, dat soziaalt Ëmfeld an d'Ëmwelt.

Carte Blanche vum Michel Maquil

Wann eng Persoun ee Placement a Wäertpabeiere wëllt maachen, da kritt se eng ganz Panoplie vun héich sophistiquéierte Finanzdéngschtleeschtungen ugebueden. Do ass et schwéier, sech erëm ze fannen, an dat besonnesch, wann ee bewosst nohalteg investéiere wëllt. Do kënnt derbäi, datt verschidde Leit gäre wësse wéilten, wat fir ee sozialen Impakt hiren Investment mat sech bréngt. Fir do eng Äntwert ze ginn, gouf 2005 an Amerika eng Social Performance Task Force (an der Ofkierzung SPTF) gegrënnt. D'Zil vun dëser Organisatioun ass et, de Professionellen ze hëllefen, esou ze handelen, datt ëmmer gläichzäiteg de Client, de Mataarbechter, dat soziaalt Ëmfeld an d'Ëmwelt am Mëttelpunkt stinn. Esou geet et drëm, den Investisseuren an den Intermediairen ze hëllefen, fir déi Objektiver besser ze definéieren, déi se upeilen, fir ee soziaalt Zil ze erreechen. Da soll och versicht ginn, hir Demarchen ze verbesseren, fir esou ee Resultat ze erreechen, wat positiv ass fir all betraffe Parteien, dat heescht Client, Mataarbechter, soziaalt Ëmfeld an Ëmwelt. Déi Methodologie, déi se proposéieren, erlaabt och, fir verschidden Etappen transparent duerchzeféieren.

Et geet een dervun aus, datt een net automatesch positiv Resultater gläichzäiteg fir esou vill betraffe Parteie kann erreechen. Et brauch een eng zilgeriicht Aktioun. Déi wichtegst Realisatioun vun der SPTF ass d'Opstelle vun universalen Normen, wéi een déi Sozial- an déi Ëmwelt- Performance vun de Finanzdéngschtleeschter ka geréieren. Déi éischt universal Norme goufen 2012 opgestallt. Mir sinn elo schonn un der 3. Versioun vun dësen Normen.

Fir d'Mikrofinanz an am allgemenge fir déi inklusiv Finanz ass eng Methodologie, wéi déi vun der SPTF vu grousser Wichtegkeet.

Bei der SPTF si progressiv europäesch Partner erakomm an dorënner zanter 2019 och d'Lëtzebuerger Regierung. Elo zielt d'SPTF 4.800 Memberen, déi bal 2.000 Organisatioune vertrieden, aus 118 Länner. Den europäesche Büro ass zu Lëtzebuerg*. Et bestinn esouguer spezifesch Aarbechtsgruppen, déi u regionalen Norme schaffen.

Dat ass eng laangwiereg Aarbecht. Et kann een net iwwer Nuecht gewinnten Aktivitéiten esou wesentlech änneren, mee et brauch iwwer vill Joren ee groussen Asaz vu ville Leit an Organisatiounen. Et muss ee sech bewosst sinn, datt dat ee vill méi iwwerluechten Handele mat sech bréngt, wat vläicht net esou séier wéi gewinnt verleeft. Eist Zesummeliewe kéint awer esou méi harmonesch ginn.

Et ass schued, datt vun esou Aktivitéite wéineg geschwat gëtt, wann d'Errungeschafte vun der Lëtzebuerger Finanzplaz, national an international, presentéiert ginn.

*Portail FinDev: SPTF choisit le Luxembourg pour rayonner en Europe

Michel Maquil

Fréieren Direkter vun der Lëtzebuerger Bourse

Fräie Wirtschaftsberoder