Millioune Mënsche si weltwäit op der Flucht viru Verfolgung, Krich oder dramatesche Klimaverännerungen. Eis Entreprisë beschwéiere sech, datt si vill Schwieregkeeten hunn, Personal ze fannen. Deenen zwee kéint mat enger Vereinfachung vun eisem Immigratiounsgesetz gehollef ginn.

Carte Blanche vum Laura Zuccoli

Momentan ass eise Chômagetaux mat 4,7% niddereg. De Manktem un Aarbechtskraaft besteet net nëmmen am héichqualifizéierte Beräich, mee och am Transport, um Bau, am Fleegesecteur, wou manner qualifizéiert Mënschen dringend gebraucht ginn. Nach d'lescht Woch huet de François Koepp, Generalsekretär vun der Horesca, op dëser Antenne gesot, datt 1.500 Leit géifen an hirem Secteur feelen. Zanter laangem geet de Reservoir un Aarbechtskräften aus der EU net méi duer.

10% Net-EU-Bierger sinn op eisem Aarbechtsmaart aktiv. Si mussen d'Bestëmmunge vun eisem Immigratiounsgesetz erfëllen, fir hei kënnen ze schaffen. D'Gesetz gesäit vir, datt een als Net-EU-Bierger eng Erlabnis muss ufroen, éier een hei an d'Land schaffe kënnt. Verschiddener schaffen awer iwwer Jore bei eis ouni ugemellt ze sinn. Si hoffen drop, enges Daags regulariséiert ze ginn. Firwat sollen dës Leit keng Openthaltsgeneemegung kréien?

A Länner ewéi England, Australien oder Neiséiland kréie Migrante Visae fir déi Zäit, wou se eng Aarbecht sichen. Dat ass bei eis net méiglech, mee et hätt de Virdeel, datt Net-EU-Bierger legal bei eis awandere kéinten, anstatt an der Clandestinitéit ënnerzedauchen - mat alle Geforen, déi dat mat sech bréngt. Firwat net hei zu Lëtzebuerg esou provisoresch Visaen ausstellen an de Leit zum Beispill 9 Méint Zäit ginn, fir hei eng Aarbechtsplaz ze fannen?

Am beschte Fall sollten Aarbechtsgeneemegungen un ëffentlech Programmer gebonne ginn, déi de Migranten et erméiglechen, sech direkt weiderzebilden, fir der Demande vum Aarbechtsmaart besser ze entspriechen. D'Formation des adultes wier ee richtegt Instrument, mee leider muss ee mindestens ee Joer bei eis cotiséiert hunn, fir an d'Erwuessenenausbildung zougelooss ze ginn. Dobäi kéint een op déi Aart a Weis geziilt Programmer ubidden, déi der Penurie a verschiddene Beruffer entgéintwierken.

Och wann en Net-EU-Bierger legal an engem aneren EU-Land wunnt, huet e kee fräien Zougang op den Aarbechtsmaart vun den aneren EU-Länner. Wéinst der Kris sichen awer vill vun hinne besser Aarbechtsaussiichte bei eis. Si liewen deelweis schonn zanter Joren an Europa, hunn hir handwierklech oder technesch Kompetenzen an engem aneren EU-Land verbessert a si bereet, um Bau oder an onqualifizéierte Beruffer ze schaffen. Trotzdeem gi se administrativ behandelt ewéi wa si frësch aus hirem Heemechtsland kéimen. Hiren Openthalt an engem aneren EU-Land gëllt net. Do ginn eis duerch d'Rigiditéit vun eisem Immigratiounsgesetz wäertvoll Aarbechtskräfte verluer.

All EU-Land ka seng Immigratiounspolitik fräi no senge Besoine gestallten. Lëtzebuerg, genau ewéi all aner Länner, huet eng Verantwortung, fir Mënschen op der Flucht viru Geforen ze hëllefen a si opzehuelen. Mat engem modernen an intelligenten Awanderungsgesetz kéinte mer dëse Mënsche Liewensperspektive bidden an d'Situatioun op eisem Aarbechtsmaart verbesseren. Op wat waarde mer nach?