An dëser Carte Blanche freet de Serge Tonnar Iech, him Är Opmierksamkeet ze schenken. Well Opmierksamkeet ass eppes Wäertvolles ginn, bal wéi Gas a Pëtrol an all aner Ressourcen, déi sech méi rar maachen.

Carte Blanche vum Serge Tonnar

Hallo, hallo. Lauschtert Dir mir iwwerhaapt no? Schenkt Dir mir Är Opmierksamkeet? Oder muss ech dofir bezuelen?

Opmierksamkeet ass jo guer keng Wuer, si ass eng psychologesch an neurophysiologesch Funktioun, déi et eis erméiglecht, eis beschränkte Bewosstsinnsressourcen op Bewosstsinnsinhalter ze konzentréieren. Si gehéiert also eis selwer, jidderengem eenzel a mir entscheeden, bewosst oder onbewosst, wiem oder wat mir eis Opmierksamkeet schenken. Schenken, net verkafen.

An de leschte Joerzéngten ass awer aus dësem immateriellen an zudéifst perséinleche Geschenk e Produit ginn, ëm dee sech Politik, Medien a Wirtschaft rappen. Eis Fäegkeet, opmierksam ze sinn, ass nämlech beschränkt, mee d'Informatiounen, déi eis Opmierksamkeet an Usproch huele wëllen, sinn an d'Onendlecht gewuess. Mir ginn ënner an engem onënnerbrachenen Noriichtefloss, deen eis 24 op 24 an d'Haus gestréimt gëtt. Nouvellen aus aller Welt, Poste vu Frënn a Feind, Reklammen an Drécksnoriichten, Mailen a Messagen, et hëlt fir d'Vrecke keen Enn.

An esou ass eng reegelrecht Ekonomie vun der Opmierksamkeet opkomm an et ginn unhand vun Etüden, Strategien entwéckelt, wéi een am Effikassten un eisen Interessi erukënnt. Sougenannt Kommunikatiounsexperte léieren op de Schoulen, wéi ee sech uleeë muss, fir am meeschte Likes ze kréien. Dat Schlëmmst awer ass, dass d'Inhalter, déi fir eist Bewosstsinn gemaach ginn, sech un all dës nei Formater upassen. Politesch Iddie mussen an en Tweet vun 280 Zeeche passen, Noriichte mussen op Instagram an engem Bild eriwwerkommen, a Lidder op de Streamingdéngschter sollen net méi laang wéi zwou an eng hallef Minutt daueren, besser nach méi kuerz op TikTok.

Politiker, Medien a Kënschtler, amplaz couragéiert hir ganz eege Weeër ze goen, passe sech sou der Ekonomie vun der Opmierksamkeet un. Déi Leit also, deenen hire Job et ass, Inhalter fir eis Gesellschaft ze liwweren, formatéiere sech selwer ëmmer méi a verbreede ganz dacks just nach waarm Loft. Déi eng bewosst, wéi d'Populisten, déi aner onbewosst, well hir Angscht op Facebook zerrass ze gi méi grouss ass, wéi de Mutt, fir fir hir Idealer géint de Stroum ze schwammen.

An déi räichste Leit op der Welt sinn déi, déi d'Plattformen entwéckelen a besëtzen, op deenen ëm eis Opmierksamkeet gekämpft gëtt, an deene mir eis als Sklaven ubidden, virum hellege Logarithmus. Dass mer dobäi eist Bewosstsinn fir déi weesentlech Froen am Liewen opginn, arrangéiert net nëmmen déi, déi d'Suen domat verdéngen, ma och déi, déi eis regéieren an dirigéieren, de Premier an de Patron.

An och ech muss hei ëm Är Opmierksamkeet kämpfen, och dës Carte Blanche entgeet den neie Reegelen net, si soll sech op zwou an eng hallef Minutt beschränken. Dat ass anscheinend d'Limite vun Ärer Opmierksamkeetsforschett. Dofir kommen ech elo nach séier zu menger wichtegster Ausso, wéi mir als Mënschheet aus deem ganze Wan do erauskommen, an zwar ...(ofgeschnidden)