Den Observatoire national de la qualité scolaire huet dëser Deeg en neie Rapport* erausginn, an deem et ëm d'Aschoulung vun de Kanner an ëm d'Viraussetzunge fir e gudde Schoulstart geet. De Fernand Fehlen huet e gelies a sech e puer Gedanken dozou gemaach.

Den Observatoire präsentéiert eng Synthees vun nationalen an internationale Studien zum Iwwergang vun der Spillschoul an d’Primärschoul an iwwer déi zwee éischt Schouljoren. Hie kënnt zur Conclusioun, datt dono "d'Weiche fir de Rescht vun der Schoulkarriär gestallt sinn." Dës Weidere stellt ee fest, datt Kanner aus sozio-ekonomesch schwaache Familljen déi grouss Verléierer vun onsem Schoulsystem sinn, mee datt si och am meeschte profitéiere vun Interventiounsprogrammer, bei deenen d'Roll vun den Eltere gestäerkt an hir erzéieresch Kompetenze gefërdert ginn.

Carte Blanche vum Fernand Fehlen

An Tëschenzäit sinn d'Experte sech eens, datt d'Lëtzebuergesch an der Spillschoul keng Sprangbriet-Funktioun fir déi däitsch Alphabetisatioun am éischte Schouljoer huet. Dorausser zitt de Rapport d’Conclusioun, datt een Däitsch schonn an der Spillschoul misst aféieren. Dëst baséiert awer op engem duebelen Denkfeeler.

Kanner, déi weder Lëtzebuergesch nach Däitsch als Familljesprooch hunn, hu Schwieregkeeten, tëschent béiden ze ënnerscheeden. Dofir misst een net nëmmen Däitsch an der Spillschoul aféieren, wéi den Observatoire proposéiert, mee an där selwechter Logik d'Lëtzebuergesch aus dem zweete Cycle verbannen. Dat ass iwwregens eppes, wat de Ministère laang Joren tendenziell probéiert huet, ier en 2013 kapituléiert huet. Dono huet een zum Beispill säi Feux Vert ginn, fir am Éveil aux Sciences d'Welt däerfen op Lëtzebuergesch ze begräifen.

Domat si mer beim zweete Feeler: Déi reng didaktesch Iwwerleeung vum Observatoire ass zwar gutt gemengt, mä si iwwersäit déi sproochlech Realitéit vum Land. D'Däitsch ass zwar d'Haaptsprooch vum Mediekonsum vun de lëtzebuergesche Mammesproochler, a wann dës an d'Spillschoul kommen, hu se d'Däitsch schonn op Super RTL oder um KIKA geléiert. An der Liewenswelt vu frankophonen oder lusophone Kanner kënnt d'Däitsch praktesch net vir. Si ginn doheem mat hirer Familljesprooch, am ëffentleche Raum mat Franséisch an am Schoulhaff mat Lëtzebuergesch konfrontéiert. D'Däitsch bleift fir si meeschtens eng reng Schoulsprooch. Et kënnt ee bal soen, eng doudeg Sprooch, wéi d'Latäin.

An domat kommen ech zu menger Conclusioun: Am Kader vun der Integratiouns- a Sproochepolitik gëtt zanter zwanzeg Joer Lëtzebuergesch als Integratiounssprooch agefuerdert, wärend d'Schoulpolitik bzw. de Schoulcurriculum se nach ëmmer net als richteg Sprooch eescht hëlt.