Virun 3 Wochen huet de François Aulner en – wéi hien et selwer genannt huet – masoschisteschen Commentaire gemaach a gefrot, wéini d’Amenden nees an d’Luucht gesat ginn. De Paul Hammelmann gräift dëse Sujet haut nach emol op a senger Carte blanche, awer net onbedéngt, fir dem Fränz Aulner e Gefalen ze maachen.

Carte blanche vum Paul Hammelmann

Wann de Kolleeg Aulner vu sech selwer behaapt, hie wier masoschistescht veranlaagt, kann ech him eng kleng Freed maachen an e bëssi de Sadist spillen, zur géigesäiteger Zefriddenheet.

Mä seriö: De Präis vun den Amenden ass effektiv zu Lëtzebuerg zanter Joerzéngten net méi ugepasst ginn an et riskéiert een, dat besser gestallte Leit verschidde Reegelen net méi respektéieren, well d’Héicht vun der Strof fir si net dissuasiv ass.

Dat ass net gutt!

Ech hat scho verstanen: D'Problematik vun den Amendë war an dësem Commentaire en Ophänkert, fir déi allgemeng Präisdeierecht an déi domat verbonnen Ongläichheeten an eiser Gesellschaft ze illustréieren. Ech wëll awer bei dem initiale Sujet bleiwen, well et si jo dës Aussoen, déi en Tsunami vun Reaktioune bei den Nolauschterer provozéiert hunn.

De Respekt vun de Reegele vum Code de la Route, vun alle Reegelen, ass scho wichteg, well d’Respektlosegkeet vun dëse Reegele ka Mënscheliewe kaschten.

Dofir gehéiert se och gestrooft, mä et ass manner d’Héicht vun der Strof, déi hei ausschlaggebend ass, wéi d’Probabilitéit erwëscht ze ginn. Esou gëtt zum Beispill an de meeschte Lëtzebuerger Uertschaften Falschparken ewell systematesch sanktionéiert an – kuck elei!- et sinn erëm, trotz méi groussem Fuerpark, heiansdo Parkplazen ze fannen.

Dat am Commentaire zitéiert Beispill aus Skandinavien, wou d’Amenden nom Akommes gestaffelt sinn, ass och richteg, mä och hei wéi - méi no bei eis - an der Schwäiz, gëtt all Infraktioun zum Code de la Route och detektéiert an deementspriechend gestrooft. Et ass dowéinst, wou dës Länner bei Wäitem déi mannsten Doudegen an Accidenter hunn.

De Kanton Genève zum Beispill, deen eng änlech Populatioun an eng gläichwäerteg sozio-ekonomesch Struktur wéi Lëtzebuerg huet, weist en Drëttel vun den Accidenter vu Lëtzebuerg aus, well do all Feelverhalen am Verkéier detektéiert an vehement sanktionéiert gëtt.

A Skandinavien ginn, anert Beispill, zu all Dageszäit, einfach sou bei enger rouder Luucht ouni vill Opwand Alkoholkontrolle gemaach: och si hunn eng vill besser Statistik.

De Mënsch ass nun eben esou veranlaagt, datt e manner déi absolut dramatesch Konsequenze vun engem schwéieren Accident fäert, – dat ass och op länger Zäit guer net auszehalen  - mä eng gepeffert Geldstrof an e Führerschäinsentzug (iwwregens eng sozial gerecht Strof) ass duerchaus virstellbar an extrem effikass.

Ob d’Politik zu Lëtzebuerg elo virun de Walen hei eppes wäert änneren, woen ech ze bezweifelen, och wa se an de leschte Joren an dësem Domaine duerchaus politesche Courage bewisen huet.