En Dënschdeg ass Allerhellegen, e Mëttwoch Allerséilen – déi Deeg, wou et vill Leit op de Kierfecht zitt, bei déi Verstuerwe vun hirer Famill. Dozou eng Carte Blanche vum Georges Hellinghausen.

Carte Blanche vum Georges Hellinghausen

Iwwer déi folkloristesch oder mercantile-kommerziell Nott vun "Halloween" eraus, erënneren eis dës éischt Novemberdeeg un eppes Déifmënschleches. Mir all stinn an enger Rei, ’t waren der virun eis an et kommen der no eis. A mir selwer wäerten net ëmmer hei sinn, jo eigentlech ass et zoufälleg, datt mer hei sinn. Mer missten net dosinn, an dach géing d'Welt dréien. Mir sinn, esou seet de Philosoph, "contingent", dat heescht, net noutwendeg fir d'Weltgeschéien.

Allerhellegen a besonnesch Allerséile sinn e "Memento mori" - Deeg, déi eis d'Realitéit vum Dout virun Ae féieren: den Dout vun deenen, déi eis virausgaange sinn, awer och eisen eegenen Doud. "Memento mori", denk un den Dout! Awer bleif, esou de reliéise Message dës Deeg, net beim Doud stoen! Gleeweg Mënsche ginn net dervun aus, dass den Doud d'lescht Wuert huet, mä d'Liewen – si gesinn dat a Verbindung mat engem Gott, deen e Gott vum Liewen an net vum Doud ass; deen dat vergänglecht Liewen an Onvergängleches transforméiere kann. Domat gëtt de "Memento mori" zum Memento vum Liewen, engem neie Liewen nom Doud, a vun onvergänglechem Gléck, quitte, dass déi verschidde Reliounen heizou ënnerschiddlech Uschauungen hunn.

D'Dignitéit vum Mënsch geet och nach iwwert säi Liewen an iwwert säin Doud eraus. Well mer dat intuitiv spieren an unhuelen, gi mer op d'Griewer. Déi, déi eis zu hire Liefzäiten net egal waren, sinn et och haut net, wou si net méi ënnert eis sinn. Mir éiere si duerch eise Besuch, duerch eis Gedanken, duerch Blummen, e Gebiet.

A mir realiséieren, dass och eisen Ëmgang mat hinnen e Stéck vun eis selwer ass a bleift. Esou wéi allgemeng den Ëmgang mat den Doudegen a mam Doud e wichtege Repère fir d'Zivilisatioun a fir d'Kultur vun enger Gesellschaft ass a bleift. Duerfir ass et och wichteg, Kanner dëser Deege mat op de Kierfecht ze huelen an hinnen ze explizéieren...

Mir denken un eis Verstuerwen, villfach mat Dankbarkeet. Mir huele si zréck an eist Bewosstsinn an domat an eist Liewen; well vun eisem Liewe si si en Deel, weesentlech an onersetzbar.