De Guy Majerus fënnt, datt et eis zu Lëtzebuerg richteg gutt geet. Mir erlaben eis ee weltwäit eenzegaartege Gratissystem vun diverse Leeschtungen. Hie fänkt seng Carte Blanche u mat e puer Beispiller. Gëtt et Parallellen zu Fräibéier fir jiddereen?

Esou Villes zu Lëtzebuerg ass gratis:

-         Maisons relais

-         Deelweis Mëttesiessen an de Schoulen

-         Vill artistesch paraschoulesch Aktivitéiten

-         Hausaufgabenhëllef

-         Congé parental, zwee Mol

-         Fräien ëffentlechen Transport

-         Déi sëllege méi oder manner verstoppten ëffentlech Geldhëllefen

-         Deen iwwerflëssegen a fräien Europa-Dag

Oder divers Leeschtungen, déi ech net bewäerte wëll, mä déi awer real an hefteg sinn. Ee Beispill: déi enorm Subside fir d'Landwirtschaft.

A verschiddene Bauerebetriber sinn d’Subside méi héich wéi de Gewënn!!!!! Dramatesch.

Wat an deene leschten Joerzéngten d’landwirtschaftlech Hëllefen méi héich gi sinn, wat parallel ëmmer méi Betriber opgehalen hunn! Kontraproduktiv.

Mat Sue kann een eben net alles kafen. Och op Dauer keng Gesellschaft motivéieren.

Ginn eis Kanner besser erzunn, wa si léieren, a engem gratis System opzewuessen?

An: ass Fräibéier wierklech gratis?

D’Geescht an d‘Happ muss produzéiert ginn. An de Béier muss gebraut ginn. Vu wiem?

Quasi 50% vun der aktiver Populatioun si Frontalieren, dat heescht 50% vun eise Paien exportéiere mir. Op d’mannst hei si mir Exportweltmeeschter. Iwwert 20% vun den Aarbechtsplaze si beim Staat. An do sinn déi konventionéiert, déi parastaatlech Plazen oder déi bei der Gemeng net derbäi gerechent. Alt nees e Weltmeeschtertitel.

Grad just 0,8% vun der aktiver Populatioun schaffen an der Landwirtschaft. Wou sinn eis Metzler, Bäcker, Elektriker oder soss Lëtzebuerger Handwierksbetriber?

Propos:

Op Nationalfeierdag soll de Lëtzebuerger, dee beim Entrepreneur um Bau schafft, eng Medail kréien. Awer eng gëllen!!!

Gëtt Lëtzebuerg zum Monaco aus dem Norden? Ass de politeschen Wëllen do, fir ze hëllefen, datt Lëtzebuerg e bësse méi autark gëtt? Wëlle mir just schaffen, oder och eppes erschaffen?

Aus COVID, dem Ukrain-Krich, der imminenter China-Invasioun kann ee léieren!

D’Politik hält eis nach ëmmer trotzeg am Fräibéier-Modus. A mir si keefllech.

Dee verstuerwenen däitschen Ausseminister Westerwelle ass bal gestengegt ginn, wéi hie viru "spätrömischer Dekadenz" an "anstrengungslosem Wohlstand" gewarnt huet.

Näischt géint gratis Servicer, näischt géint d’Staatsbeamten. Sécher näischt géint Fräibéier.

Mä alles a Moossen.

Nom iwwerdriwwenem Drénke kënnt den decke Kapp.