Dat ass eng Fro, déi sech vill Leit am Virfeld vun der 27. UN-Klimakonferenz, déi zu Sharm el-Sheikh an Ägypte vum 6. bis den 18. November organiséiert gëtt, stellen. Et geet drëms, endlech Neel mat Käpp ze maachen, seet déi ägyptesch Presidence. Mä wéi realistesch ass dat?

Carte Blanche vum Tom Wirion

Dës Fro ass ëmsou méi pertinent, well mir all gesinn, datt d'Wieder dauerhaft geännert huet an d'Klimakriis an onsem Alldag ukomm ass. Dee wäermste Summer an der EU zanter et d'Wiederopzeechnunge gëtt, riseg Iwwerschwemmungen am Pakistan an eng extrem Dréchent a China sinn nëmmen e puer rezent Beispiller déi weisen, datt mir schonn an enger neier Realitéit ukomm sinn.

Wärend klimaschiedlech Emissioune weider erop ginn, wäerten d'Engagementer vun de Länner dozou féieren, datt d'Äerderwiermung op 2,5 Grad bis Enn vun dësem Joerhonnert klamme wäert. Sollten dës Engagementer dann agehale ginn, wat à ce stade der UNO no net de Fall ass! Mir sinn also wäit ewech vum ambitiéisen Zil vun 1,5 Grad, déi 2015 zu Paräis festgehale goufen.

Dësen Echec spigelt sech och am Numm COP27 erëm. Trotz 27 Klimakonferenzen zanter der éischter Konferenz 1995 zu Berlin, klëmmt d'Äerderwiermung weider.

Dat ambitiéist Zil vu Paräis gëtt net ëmgesat. An der Realitéit ass et nämlech leider esou, datt déi räich Länner hir Engagementer net schnell genuch ëmsetzen an déi aarm Länner sech net genuch engagéieren, well si den Industrialiséierungs-Prozess vun de westleche Länner nach viru sech hunn.

Dat heescht net, datt keng Efforte gemaach ginn an och an Zukunft sollen a musse gemaach ginn. Europa zum Beispill, als ee vun de bessere Schüler, versicht mat ambitiéise Programmer säi Beitrag am Kampf géint de Klimawandel ze maachen. D'Energiekris, ausgeléist duerch de Krich an der Ukrain, wierkt do engersäits wéi e Booster an acceleréiert déi energetesch Transitioun an Europa. Et ginn elo massiv Moyene fräigesat, fir dass de Kontinent méi effizient gëtt an d'erneierbar Energien ausgebaut ginn. Anerersäits ass et esou, datt de Verzicht op russesche Gas nieft ekonomeschen Aspekter kuerzfristeg och een immensen Impakt op d'Ëmwelt wäert hunn: mir bezéien elo LNG-Gas, dee mat décken Dieselschëffer erbäibruecht gëtt, oder mir loossen d'Lafzäite vu Kuelekraaftwierker verlängeren.

Dobäi kënnt, dass esoulaang déi grouss Playeren op der Welt, wéi China, Indien oder d'USA, sech net méi engagéieren, déi europäesch Beméiunge keen Impakt op d'Äerderwiermung wäerten hunn. Beim Kampf géint de Klimawandel muss eng eenheetlech global Sprooch geschwat ginn, wat an der momentaner Situatioun utopesch schéngt.

Esou wéi et ausgesäit, wäert d'Politik bei der COP27 weiderhi versichen, Ziler ze definéieren, déi de Klimawandel bremse sollen. Dat ass och gutt esou! Mä wier et net och sënnvoll, sech Gedanken ze maachen, wéi ee mam Klimawandel selwer ëmgeet?

A misst een net och méi éierlech sinn a sech agestoen, datt de Klimawandel schonn do ass an zum Deel net opzehalen ass? An an där Logik all déi Domainer definéieren, an deenen d'Technologie et erlabe kann, de Klimawandel ze gestalten. Zum Beispill méi Geld an d'Fuerschung vun hëtzt-resistente Planzen investéieren, méi Geld fir de Bau an den Ausbau vun Diguen opbréngen asw. Zum Deel geschitt dat schonn.

D'Äerderwiermung verännert d'Welt. Ee Katastrophenzeenario kann awer evitéiert ginn, wa mir mat Technologie dogéint halen. Dofir wier et wichteg, wann d'COP27 hir aktuell Strategie an déi Richtung géif erweideren. An dat wannechgelift ganz séier.