D'Aarbechtsaarmut hei zu Lëtzebuerg klemmt säit Joren. Op EU-Niveau si mir Spëtzereider an trotzdeem gëtt et vun der Politik nach ëmmer net als eng wichteg Erausfuerderung ugesinn. Eng Carte Blanche vum Carole Reckinger vu Caritas Lëtzebuerg.

D'Zuel vun de Leit, déi trotz Aarbecht hei zu Lëtzebuerg aarm sinn, klëmmt säit Joren. No de leschten Zuele vum STATEC ass all 7., deen hei zu Lëtzebuerg lieft a schafft, vun Arbechtsaarmut betraff. Dat si bal 39.000 Mënschen. Do sinn d'Frontalieren net mat dobäi gerechent obwuel se 46,3 Prozent vun de Salariéen ausmaachen.

Carte Blanche vum Carole Reckinger

D'Definitioun seet et ass een Aarm trotz Aarbecht, wann een iwwert déi lescht 12 Méint op mannst der 7 geschafft huet an och, no de sozialen Transferten, ënnert 60 Prozent vum Medianen Akommes läit. Facteuren déi zu Aarbechtsaarmut bäidroe sinn: Deelzäitaarbecht, CDDen, Interimsverträg an de Bildungsstand. Dozou kommen extern Facteure wéi: Wéi vill Leit am Stot zum Akommes bäidroen an natierlech déi héich Logementspräisser. Speziell zu Lëtzebuerg ass, dass souguer Leit betraff sinn, déi Vollzäit schaffen, en CDI hunn an och en héije Bildungsstand.

Eng EU-wäit Etüd, déi sech d'Parkoure vun de sougenannten "Working poor" ugekuckt huet, hat erginn, dass zu Lëtzebuerg 8,4 Prozent vun engem Joer op dat anert nei an d'Arbechtsaarmut gefall sinn. Mat dësem Prozentsaz si mir Spëtzereider an der EU. An eisen Nopeschlänner ass den Taux vun Arbechtsaarmut iwwregens e gutt Stéck méi déif. An der Belsch ëm déi 4 Prozent.

Och wann de Mindestloun am europäesche Verglach héich erschéngt, läit en zu Lëtzebuerg bal op der Aarmutsgrenz. 2021 louch eng Persoun mam Mindestloun netto 167 Euro ënnert der Aarmutsgrenz. Déi 3 Prozent Erhéijung, déi kierzlech ugekënnegt gouf, geet also bei wäitem net duer.

D'Politik muss d'Arbechtsaarmut endlech als eng wichteg Erausfuerderung ugesinn. Ëmmerhin si mir hei am Beräich vun enger Mënscherechtsverletzung. Den Artikel 23 vun der Mënscherechts-Konventioun gëtt mat Féiss getrëppelt. An engem vun de räichste Länner vun der Welt musse Leit déi schaffe mat hirem Salaire kënnen iwwert d’Ronne kommen. D’Spréchwuert seet: all Aarbecht ass besser wéi guer keng. Dat stemmt net méi. Et misst sinn: Mënschen déi schaffen, mussen dovu liewe kënnen, esou wéi et an de Mënscherechter verankert ass.