Dir héiert elo eng Carte Blanche vum Robert Weber, dem fréieren Nationalpresident vum LCGB an och fréieren Deputéierten.

Mir liewen an enger Zäit vun Héichtechnologie, déi eis ganz Welt erfaasst. Mir schwätze vun enger neier industrieller Revolutioun, vu kënstlecher Intelligenz, vun neie Welten um Mount oder um Mars. Zäite vun Dampmaschinn, Kuel a Pëtrol sinn eriwwer. Lëtzebuerg läit voll an dësem Trend !

Denkste !!!

Carte Blanche vum Robert Weber

"Eist Gesondheetswiesen ass dat Bescht vun der Welt", heescht et. Dat kéint sinn, awer mat esou iwwerschwénglechen Aussoe sinn ech virsiichteg. Ech si kee medezinesche Fachmënsch. Awer ech sinn, wéi all Bierger, e medezinesche Patient. An als solchen stellen ech mer Froen. Zu eisem Gesondheetswiesen gehéiert di medezinesch Betreiung awer och di administrativ Ofwéckelung.

Eist Gesondheetswiesen ass haut no 40 Joer derselwechter Politik eng Klassemedezin ginn. Et ass eng a-sozial Patientebetreiung. Et ass eng reng Geldmaschinn. Et ass eng administrativ Banannerepublik.

Dat si staark negativ Wierder!

Wat ass da lass?

All Bierger soll am Gesondheetswiese kënne gläich behandelt ginn. Jo, awer d’Realitéit gesäit anescht aus. Deen, de Geld huet, gëtt gutt behandelt an deen, deen net vill huet, gëtt beschtefalls behandelt. Sech behandele loossen, kascht vill Suen a vill Leit kënne sech e puer Honnert Euro de Mount net leeschten, fir bei den Dokter ze goen. Dobäi kënnt, dass d’Part personell bei de Medikamenter och nach zu Buch schléit. Wee Geld huet, ka sech hei am Land an am Ausland déi beschte Medezin leeschten.

Zu enger Patientebetreiung gehéiert och, dass en Dokter mat sengem Patient kommunikéiert an enger einfacher Sprooch, déi e normale Mënsch och versteet; an dass e säi Patient guidéiert. Wann iwwerhaapt kommunikéiert gëtt, dann ass dat meeschtens onverständlech a guidéieren ass méi oft en Ronderëmreechen. Et wëllt e jo Geld verdéngen.

Jo, ech weess, dass ech hei pauschaliséieren. Et deet mer och leet, fir déi, di gutt schaffen. Si solle sech net ugegraff fillen. Awer sinn déi schwaarz Schof wierklech d’Ausnam? Ech woen dat ze bezweiwelen.

Fannt dir als Bierger et normal, dass Dir am Joer 2022 no enger Dokteschvisitt är Rechnung per Post an d’Krankekeess musst schécken an dass der da bal 2 Méin op ären Remboursement musst waarden.

Mir diskutéieren an eisem Land schonns iwwert 30 Joer kontrovers iwwert en digitalen Patientendossier an den Tiers Payant beim Dokter. Jo, kontrovers Diskussioune si gutt, awer ass 30 Joer normal?

Den digitalen Patientendossier gëtt haut allgemeng akzeptéiert an den Tiers Payant och.

Zanter 10 Joer streiden Dokteren a Krankekeess ( pardon: Gesondheetskeess) iwwert den informateschen System fir den Patientendossier an den Tiers Payant-System.

Dat si nëmmen e puer Beispiller, wou d’Kromm an der Heck léit.

Ass dat alles normal? An d’Politik kuckt no.

Aplaz, dass mer Intelligenz am Weltall sichen, misste mer se net vill méi bei eis sichen?!