Momentan kréien déi eng net Futtball genuch an déi aner wiere frou, wann de leschte Match wéi gewinnt schonn am Juli gespillt gi wier. Do dertëscht en Minnefeld vu kulturellen an ethëschen Faux-pasen. Zu dësem Spannungsverhältnis - eng Carte Blanche vum Jean-Luc Thill.

Carte Blanche vum Jean-Luc Thill

Sollt dir Iech schonn ëmmer gefrot hunn, firwat et sou schwéier ass, sech u moralesch Reegelen ze halen, also Wäerter a Wierklechkeet sech heiansdo net verdroen, da braucht dir am Moment just e Bléck an déi arabesch Welt, méi präzis an de Katar ze werfen. Do inzenéiert den internationale Futtball sech selwer a liwwert nawell en ustrengend, wéi och pertinent Spigelbild vun eiser moderner Gesellschaft, also der Wierklechkeet.

Datt all Ekipp de Ball reklaméiert, wann en aus geet an e Spiller ni mat enger gieler oder rouder Kaart averstane ka sinn - dat gehéiert zum Spill, wéi am richtege Liewen de Versuch, beim falsch Parken awer nach en A zouzedrécken. Ëmmerhin ass et jo awer wierklech déi éischte Kéier, um Terrain wéi op der Strooss.

Méi domm gëtt déi Saach allerdéngs, wann d'Gerechtegkeet a Fro gestallt gëtt an net nëmmen d'Spill, mä de ganze Sport riskéiert zur Farce ze ginn oder zum Spillball vun aneren Interessen, kuerz der Politik an dem Frick. Gemengt sinn déi Zeenen, déi mir Europäer allgemeng als historesch, also vergaange verstinn. Ugefaange bei de Widderspréch, wéi dës WM iwwerhaapt an ee Land koum, wou och nach am Wanter alles muss klimatiséiert ginn - egal, ob mat oder ouni Krich an der Ukrain - bis bei d'Fro firwat, e Weltverband mat Sëtz an der Schwäiz dëser moderner Sklavenaarbecht konnt zoustëmmen. Méi wéi 7.000 Leit hunn de Bau vun den Infrastrukture fir dësen Event mam eegene Liewe bezuelt - Donkelziffer wéi ëmmer méi grouss.  Een dovunner ass de Ganeshi Wakar, e 16 Joer alen Nepales, deen un Häerzversoe wéinst Hëtzt an Dehydratioun op esou enger Baustell gestuerwen ass.

Leschten Episod aus dësem Live-Trauer-Ticker: d'Zensur als déi bis ewell lescht Zäsur - clever verstoppt, indirekt gespillt: mat der Menace vu Sanktiounen. Wien als Kapitän mam Bändche fir Toleranz an Diversitéit wëll iwwert d'Wiss lafen, riskéiert - sou d'FIFA - eng giel Kaart. Drock genuch, fir déi grouss europäesch Nationalekippen an d'Knéien ze zwéngen.

Ironie vum Schicksal: esouguer mat der Schimmt vun eisen eegenen, also europäesche Mënscherechtsverletzungen - fréier an haut - am Réck, brénge mer et net fäerdeg, kollektiv Paroli ze bidden. Do geet och d'Hand virum Mond net duer, fir wëllen ze behaapten, et hätt ee sech nawell fir eis Wäerter, also Moral agesat. Do hätt een aner Fakten kéinten a misse schafen.

Apropos Moral: e Mount virum Event brécht dann nach "Pharisäertum" aus. Vun haut op muer gëtt Energiespueren zur leschter Drëps op de Steen, fir och heiheem kee Public Viewing vun der WM unzebidden. Sorry, mä all Bierger mat gesondem Mënscheverstand weess vu sech aus, datt e keng Loscht huet, Enn November owes um 20 Auer dobaussen an der Stad ze stoen, fir Futtball ze kucken - sou wäit ass Klimakatastroph dann awer nach net. Alles e bëllege Pretext, fir sech politesch d'Patten net ze verbrennen, also dat Ganzt vu vir eran aus sozialen, etheschen an ökologesche Grënn offiziell ze boykottéieren. Moral vun der Geschicht: mir woussten et besser a kucken awer no - oder wéi sot den Albert Camus: Wat ech vun Moral weess, verdanken ech dem Futtball.
Menschenrechte im Sport (24.11.2022)
Menschenunwürdige Arbeitsbedingungen auf den WM-Baustellen in Katar (24.11.2022)
Faktencheck: Wie viele Menschen sind für die WM in Katar gestorben?