An der Covid-Kris huet sech gewisen, dass vill Fuerscher, déi an der Ëffentlechkeet stoungen, harceléiert goufen. Wa mer wëllen, dass Fuerscher hiren Knowhow mat der Gesellschaft deelen, musse mer e Wee fannen, se ze schützen, sou de Chef vum FNR, de Marc Schiltz.

Wärend der Pandemie stounge weltwäit Wëssenschaftler a Fuerscher am Rampeliicht. Hir Expertise gouf vun alle Säite gefrot.

Leider hat dat awer och fir vill vun deene Wëssenschaftler eng méi däischter Säit. Enger Enquête vun der Zäitschrëft Nature[1] no si vill vun hinnen harceléiert, wann net esouguer aggresséiert ginn, oft vu Leit a Gruppen déi abstrus komplotistesch Theesen vertrueden hunn, zu Themen ewéi Impfungen an Maskepflicht. Dat ass vu verbalen Attacken hin zu Morddrohunge gaangen. Ganz schlëmm war de Fall vum belsche Virolog Marc Van Ranst, deen zesumme mat senger Famill huet missten en puer Woche vun der Police op enger geheimer Platz geschützt ginn virun engem Mann, deen hie wollt ëmbréngen. Op Whatsapp hat sech souguer eng Grupp gegrënnt, déi deen ënnerstëtzt huet…also net de Virolog, ma de Mann deen hie wollt embréngen… Déi Grupp war op 50.000 Memberen gewuess éier se zougemaach gouf!

Dat ass natierlech en extreeme Fall. Mee och hei zu Lëtzebuerg si Wëssenschaftler déi an de verschiddenen Task-Forcen an Expertegruppe matgeschafft hunn harceléiert ginn. Duerch anonym oder net anonym Bréiwer a Messagen, op de sozialen Medien, oder einfach nëmmen an der Ëffentlechkeet, wann se vu Wëllfriemen op onmanéierlech Aart an Weis interpelléiert goufen.

Dass mer eis gutt verstinn: och dat wat d'Wëssenschaftler soen, muss kënne kritesch hannerfrot ginn an et leit an der Natur vun der Fuerschung dass Donnée'en permanent iwerpréiwt an eventuell aktualiséiert ginn. Mee et geet den Auteuren vun deenen Akte guer net em e sachlechen Debat. Hie Meenung steet schonns fest a si gesinn d'Wëssenschaftler just als Deel vun engem grousse Komplott géint d'Fräiheet.

Fir e Fuerscher kann et immens belaaschtend sinn, deem Drock vu baussen ausgesat ze sinn. An eng Reih vun hinne wäert sech wuel d'Fro stellen, ob se sech an Zukunft nach sollen an déi ëffentlech Diskussiounen erabréngen. Dat wier immens schued.

An enger ëmmer méi komplexer Welt, wou Sujeten wéi Pandemien oder Klimawandel eisen Alldag, ma och eis Politik bestëmmen, ass et dach eigentlech immens wichteg, dass Wëssenschaftler kënne berodend zur Säit stoen.

Als Gesellschaft mussen mer ons villäicht iwwerleeën wéi mer zesummen ons Fuerscher kënne besser schütze virun Harcèlement duerch Randgruppen. Wëll duerch representativ Sondagen wësse mer dass d'Wëssenschaftler an der Bevëlkerung op ganz breet Vertrauen kënnen zielen[2]. Et wier also schued wann eng Minoritéit vu Komplotisten, déi besonnesch aktiv an wuertstark sinn, hei géif d'Iwwerhand huele vis-à-vis zur "Majorité silencieuse".