Dem Ian de Toffoli no kéinte vill Jonker sech keng Zukunft méi virstellen. En neie Ministère soll hëllefen, dëse Probleem ze léisen.

Carte Blanche Ian de Toffoli

Ech wollt am Fong fir dës Carte Blanche iwwert d'Klimakris schwätzen. Ech sinn am Moment am Gaang en Theaterstéck ze schreiwen, fir dat ech mech an déi Thematik gestierzt hunn an et ass natierlech eppes wat mech beschäftegt, vun dem méi bewossten Ëmgang mat der Natur, bis zum Ëmgang mat deene BiergerInnen, déi nach ëmmer géint déi sougenannte gréng Ayatollahe blären, déi entweder Schold um ze deiere Bensinn sinn oder engem den SUV-Fuerspaass ofbremse wëllen, bis hin zu der Fro vum Eco-Terrorismus iwwert deen ee sech wonnert firwat en eigentlech nach net méi... soe mer... praktizéiert gëtt.

Natierlech war mer dat Thema awer dunn ze deprimant. Iwwerhaapt ass den Haaptsaz, deen ee vun der jonker Generatioun hautdesdaags héiert, souguer vun deenen déi net AktivistIn bei Fridays for Future sinn, deen "datt ech mech net méi 20 Joer an d'Zukunft projezéiere kann." Sou gesinn ass ee vun de Problemer, dee vun engem Manktem un, wann ee wëll, Solidaritéit vun enger eelerer Generatioun vis-à-vis vun enger Kommender. En Gros, mir hannerloossen eise Kanner eng Welt a Schierbelen, nëmme well mir wollte souvill consomméiere wéi méiglech.

An ëmmer rëm kënnt mer, wann ech d'Noriichten hautdesdaags opschloen, dee Saz an de Kapp, vun de Jonken: "Ech ka mech keng 20 Joer méi an d'Zukunft projezéieren." Wann ech driwwer nodenken, virun 20 Joer, als Student zu Paräis op der Uni, konnt ech dat nach. Jo mä dat war virum arabesche Fréijoer, deen an de Contraire ëmgeschloen huet, virum Syriekrich, viru Fukushima, virun den Aggressioune vu Russland, déi op d'Krim an déi vun haut, et war virun den autoritäre Regimmen an Ungarn, Polen, der Tierkei, et gouf nach keen Trump a keen Iwwerfall op de Kapitol, an Däitschland gouf et nach keng AfD, an Italie keng Fratelli d'Italia, keng Millioune Leit déi Schutz bei eis gesicht hunn well mir hir Länner zerbommt hunn, et gouf kee Bataclan-Attentat, net Nice, nach kee Corona. Iergendwéi konnt ee sech do nach an d'Zukunft projezéieren.

An haut? De Moien ass mer agefall: Dat wat eis Gesellschafte bräichten, wier e Ministère fir d'Zukunft. E Ministère, deem all di aner Ministèren ënnerstinn. Deen alles, wat si proposéieren ënnersicht a kuckt, ob et eppes fir d'Zukunft bréngt. Eppes wat eise kommende Generatioune rëm d'Méiglechkeet gëtt, Visiounen ze hunn. Wéi dee soll ausgesinn, ass da fir eng nächst Carte blanche. RTL gëtt engem jo ni genuch Zäit fir d'Saachen ze developpéieren.