Bail à loyer

De Projet de loi vum neie Mietgesetz suergt nawell fir vill Opreegung. Mee fir wien ass dat Gesetz iwwerhaapt geschriwwe ginn?
Wien huet déi stäerkste Lobby? Eng Carte blanche vum Gilles Hempel.
D’Aarbechtsrecht schützt de Salarié viru Mëssbrauch an Ausbeutung duerch säi Patron. Ee Mietgesetz sollt eigentlech dee selwechten Zweck hunn: De Mieter virun der Gier vu sengem Schlofhändler ze schützen.
An anere Länner ginn et dofir maximal Quadratmeterpräisser. Déi solle garantéieren, dass jidderee sech eng Wunneng leeschte kann.
Am Land vun de Proprietäre gëtt awer fir d'éischt nom Vermieter gekuckt. Dee soll genuch verdéngen.
Bis elo kann de Proprietär 5% vum investéierte Kapital als Joresloyer froen. Mam neie Gesetz geet deen Taux zwar vu 5 op 3,5 respektiv 3% erof. De Capital investi gëtt bei eelere Wunnengen awer mat engem Koeffizient op den aktuelle Marchéspräis héichgerechent.
Associatioune wéi de Mieterschutz hu mat Beispiller gewisen, dass de maximale Loyer, deen e Proprietär froe kann, duerch dat neit Gesetz bei ville Wunnengen erop geet. RTL huet dat mat engem Faktencheck confirméiert.
Dorop ugeschwat soen d’Auteure vum neie Gesetz, si géife "just dat reproduzéiere wat dobausse souwisou de Fall ass". Un dat aktuellt Gesetz hält jo souwisou kee sech.
Dee Locataire vum Lampertsbierg, dee sech dat net wollt gefale loossen an op de Rechtsstaat gehofft hat, ass vum Riichter bei d’Lisette gelooss ginn. Hei am Land hunn d’Proprietären eng staark Lobby.
Dat gesäit een och am neie Mietgesetz. Hei wéilt een dem Urteel Rechnung droen, heescht et. Et kënnt lo zu enger Aart Generalamnestie fir all déi Proprietären, déi sech bis elo net un d’Gesetz gehalen hunn. Si kenne geschwënn ganz legal hiren deiere Loyer froen.
Vun deem neie Mietgesetz profitéiere virun allem gutt-situéiert Lëtzebuerger Proprietären. An dat op Käschte vun enger gréisstendeels vulnerabeler Populatioun, déi oft nach net laang am Land ass an dofir och net ka wiele goen.