A senger "Carte blanche" kuckt de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjärege politesche Journalist, op d’Futtballweltmeeschterschaft zréck. Hien zitt politesch en éischter duerchwuessene Bilan. Sportlech war et fir hien eng gutt WM.

Carte Blanche vum Marc Glesener

D’Futtballweltmeeschterschaft ass eriwwer.

De sportleche Bilan ass ganz an der Rei, virun allem wann ee bedenkt, datt eng ganz Rei nei, jonk a motivéiert Ekippen d’Geleeënheet genotzt hunn, fir sech ze weisen. An dëst net onbedéngt mat e lauter deiere Staren, mee och mat manner bekannte Spiller.

An dann net  ze vergiessen, d‘Finall – dat war absolut top.

Wat de politesche Bilan ugeet, esou ass dëst eng aner Saach.

Dobäi ass eppes mir besonnesch virun der WM enorm op d’Nerve gaangen. Et ass déi grouss Hypokrisie vu ville Politiker an och Journalisten am Ëmgang mam Katar.

De Katar ass ewéi en ass, et ass keng Demokratie, wéi mir eis se wënschen, a Mënscherechter sinn oft éischter Niewesaach, fir et frëndlech auszedrécken.

Dat ass net top, guer net, awer net nei.

Net nei ass och, datt et am Futtball a bei der Fifa ëm Sue geet. Ëm vill Suen. Iwwregens ass dat och heiheem de Fall, wann ee kuckt, wéi et an eiser éischter Liga funktionéiert.

Sue bedeite Muecht an Erfolleg.

Dëst Spill beherrscht de Katar, deen och eis hei am Grand-Duché keen Onbekannten ass. Héich gelueft ass et ginn, d’Emirat, wéi d’Sue gefloss sinn, fir eis Ekonomie ze stäipen.

Wa Suen, Gas an Ueleg fléissen, ass alles ronderëm ebe manner wichteg.

E puer Woche virun der WM huet den däitsche Wirtschaftsminister sech virum Emir vernäipt an ëm Hëllef gebieden. Ee Reebou-Trikot hat hien net am Gepäck.

Dat richt no engem weidere gréngen Titel als Hypokrisie-Weltmeeschter.

Mee nujee, esou ass dat an der Realpolitik.

Do si Saachen, déi däerf een ni soen, aner muss een ëmmer soen an nach anerer, déi seet een esou, ewéi se dem jeeweilege Publikum an der Press am beschte gefalen.

Bleift ze hoffen, datt d’Leit an hirer breeder Mass net ëmmer erëm op dës Spillercher erafalen. Virun allem a Waljoren...

Wéi heescht et esou schéin:

Die Hoffnung stirbt zuletzt.