D'Joer 2023 ass nach jonk. De fréieren Deputéierte Jean Huss profitéiert, fir d'Leit derzou opzefuerderen net alles ze gleewen, mee esou munches a Fro ze stellen a selwer nozedenken.

Eng Carte Blanche vum Jean Huss

Léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

Am Ufank vun engem neie Joer gëtt traditionell am Familljen- a Bekanntekrees, mee och vu Politik a Medien eng gutt Gesondheet gewënscht. An dëst Joer och eng méi schéin Zukunft wéi dat an de vergaangen dräi Corona-Joren de Fall war, mat all deenen Ängschten viru Krankheet an hire Suitten a mat all deenen Aschränkungen vu Rechter a Fräiheet. Eleng doriwwer hätt ech als eeleren an erfuerenen Ex-Deputéierten sou munch Kritesches ze soen.

Nieft Corona gouf et an der rezenter Vergaangenheet jo awer och nach aner bedréckend Evenementer: ee schlëmmen, awer viraussobare Krich an Osteuropa, an als Konsequenz fir eis hei, eng drastesch Kris bei den Energiepräisser, Inflatioun a wuessend sozial Problemer.

A wann et mat all deem net scho largement duer gaange wier, hate mer weltwäit och nach Klimaproblemer mat extremer Dréchent, Waasserproblemer a Bëschbränn. An och d’Aartestierwen oder di chemesch an elektromagnéitesch Belaaschtung vun Ëmwelt a Gesondheet si monter weidergaangen, esou datt eise Stoffwiessel, eis Immun-, Nerven- an Hormonsystemer ëmmer méi ugegraff, deregléiert a geschiedegt gi sinn. D’Corona-Kris hat och domadder ze dinn!

Léif Nolauschterinnen,

D’Haaptursaache vun där schläichender a chronescher Belaaschtung a Vergëftung vun all eisen Liewensgrondlagen sinn an der Wëssenschaft, an der onofhängeger Wëssenschaft, zanter Jore bekannt an all dat passéiert, well di ekonomesch a politesch Prioritéiten leider nach ëmmer haaptsächlech baséieren op Fortschrëttsglawen, op technokratescher Machbarkeet, op blannem Wuesstems- a Profitdenken an esou weider.

An och di personell Haaptverursaacher vun all deem si bekannt: skrupellos, zum Deel transhumanistesch denkend Milliardären, déi iwwert hir déck Kapitalparticipatiounen di grouss Investitiounsfongen an domat Ekonomie beherrschen. Manager vun Groussbanken a Groussindustrien, de Weltwirtschaftsforum zu Davos a leider och vill neoliberal Politiker, déi scheinbar méi un hirer Politkarriär interesséiert si wéi um Wuel vun der allgemenger Bevëlkerung.

Dofir, léif Nolauschterinnen an Nolauschterer,

ass mäin Appell un Iech fir dat neit Joer, fir trotzdeem net opzeginn, fir net alles, wat vun uewe kennt, einfach ze gleewen an de Kapp an den Sand ze stiechen. Mee een Appell och fir ëmgekéiert selwer ze denken an esou munches, wann net esouguer villes a Fro ze stellen.

Eng gutt Zukunft, mee virun allem d’Zukunft vun eise Kanner a Kandskanner sti méi wéi jee um Spill!

Jean Huss

Ex-Deputéierten