Dëst Joer ass e sougenanntent Super-Waljoer a jiddereen hofft, nach séier seng wichtegst Saachen duerchzekréien.

All Politiker ass elo staark gefuerdert: Op all Patt, op all Foto, all Doleancë wouerhuelen an de richtegen Tri dovunner maachen.

Carte Blanche vum Anne Goeres

Jidderee stellt seng Fuerderungen un déi verschidde Parteien an et gëtt gehofft, datt deen een oder anere Sujet duerch aktuelle politeschen Zäitdrock méi séier virukënnt. Wee jäizt dann elo am häertsten? Wou ass d’Grenz vum jäizen? A wéi een Toun dierf wie sech dobäi erlaben? Well si mer éierlech, déi nächst Méint generaliséierend geet de Wuertschatz warscheinlech rëm d’Baach erof: Deen ee kritiséiert deen aneren a jidderee wëll vir an der éischter Rei sëtzen. Mam Risiko, datt mer déi eigentlech wichteg Objektiver aus den A verléieren.

Am Kader vu mengem Alldagsberuff hunn ech geléiert oder éischter d’Bestätegung kritt, datt folgend zwou Saachen absolut prioritär sinn, wou och definitiv ni soll gespuert ginn: D’Erzéiung an d’Gesondheet.

Kann een zu Lëtzebuerg iwwerhaapt vun enger richteger Santé publique schwätzen? Steet de Patient ëmmer am Mëttelpunkt, wéi en eigentlech soll a wéi et och versprach gëtt? Huet all Patient, egal wéi een Alter, egal wéi een Hannergrond, dee selwechten Accès zu enger excellenter Versuergung? D’Äntwert ass kloer NEEN. Mir erhoffen nach ëmmer e generaliséierten Tiers payant, wéi et politesch versprach ginn ass an hoffen, datt d’Krinn éischter op- wei zougedréint ginn, wann et ëm Remboursementer vu Krankerechnunge geet.

Zoustänn an eise Spideeler sinn net fir sech ze bretzen: Manktem u Personal, u Formatiounen, un Infrastrukturen, Manktem un allem fir jidderengem déi néideg Qualitéit ze bidden – esou wuel de Patienten, wéi och dem Personal. Dobäi si mir dat Land mam gréisste PIB pro Awunner op der Welt! An dach happert et um System:

  • Mir streide fir gréisser Unerkennung vum Krankestatut
  • Mir diskutéieren – bis elo ouni Erfolleg – fir méi Congé fir e Patient op sengem Wee ze begleeden, 
  • Mir verhandele fir e bessert Zeréckbezuele vun de medezinesche Prestatiounen 

Als Acteur am Gesondheetssystem wënschen ech mer, datt dëst Super-Waljoer d’Méiglechkeet fir all Politiker ass, Prioritéiten ze setzen a Verspriechen anzehalen an de Mënsch rëm op déi éischt Platz ze setzen.

Net nëmmen op der Foto.