2023 an 2024 sti véier Walen zu Lëtzebuerg un. Dat ass e ganzt Stéck Aarbecht fir déi, déi sech opsetzen, mee och fir déi, déi wiele ginn, mengt d’Michèle Schilt vum Zentrum fir politesch Bildung.

Véier wichteg Rendez-vousen

Den 11. Juni si Gemengewalen. Den 8. Oktober Chamberwalen. 2024 dann d’Sozialwalen a kuerz drop d’Europawalen. Dat si véier wichteg Rendez-vousen an enger representativer Demokratie, well op véier verschiddenen Niveauen decidéiert gëtt, wéi eng Persounen d’Geschécker vum Land a finalement vun eisem Liewe leeden: an der Gemeng - där Plaz, wou mer wunnen, d’Kanner an d’Schoul ginn, Sport- a Musek maachen; am Parlament, wou d’national Gesetzgebung bestëmmt gëtt an diskutéiert gëtt, wéi Lëtzebuerg sech soll fir d’Zukunft opstellen; op der Aarbecht, wou mer dach e groussen Deel vun eiser Zäit verbréngen (oder verbruecht hunn) an am europäesche Parlament, wou eng Abberzuel Direktiven ausgeschafft ginn, déi fir all d’Memberlänner - also och fir Lëtzebuerg - gëllen. Definitiv: véier wichteg Rendez-vousen.

Carte Blanche vum Michèle Schilt

Mode d’emploi virum Walgang

Lo kéint ee soen: Ass dat net e wéineg déck opgedroen? Sou wichteg sinn déi Walen dach net... Eh ben: dach! Och wann et stëmmt, datt Walen net deen eenzege Moment sinn, wou een als Biergerin oder Bierger sech kann zu Wuert mellen, sou si se dach deen, wou een decidéiert, wien an Zukunft fir ee schwätzt - an dat sollt een net op déi liicht Schëller huelen. Weder Iwwerhieflechkeet –"Do ass keen dobäi, deen et derwäert ass, datt ech e wielen!" - nach Resignatioun – "Ass dach egal wien ech wielen, herno maachen se souwisou all wat se wëllen!" bréngen ee virun. Dofir hei, am Ufank vun deem Walmarathon e Mode d’emploi an dräi Schrëtt, deen, méi oder wéineger op déi véier Wale passt:

  1. Sech bewosst ginn, wat engem selwer wichteg ass am Beräich Wirtschaft, Ëmwelt, Sozialem, Bildung, Wunnen, Schaffen, Mobilitéit, Fräizäit...
  2. Kucke, wat déi eenzel Leit a Parteien zu deene Beräicher soen (nozeliesen an de Walprogrammer op de Websäite vun de Parteien an/oder nozefroen op Walversammlungen – d'Bliedercher, déi een an d’Boîte kritt soe meeschtens net vill aus).
  3. Decidéiere mat wiem, resp. wéi enger Partei een déi gréisste Schnëttmengen huet an deementspriechend an der Kabinn ukräizen.

Ustrengend Decisiounen

Wärend d’Schrëtter 1 an 2 schonn zimmlech ustrengend an zäitintensiv sinn, sou ass de Schrëtt 3 (wie kritt meng Stëmm?) sécher dee schwéiersten. Do komme Sympathie a Vertrauen an d’Spill, spréch Gefiller an déi kann ee schlecht rationaliséieren. Do heescht et dann: "Ech kann deen oder dat einfach net wielen!" oder "Deen oder dat ass mer einfach sympathesch!" Allerdéngs: nëmme well eng Persoun mer sympathesch ass, mécht se net onbedéngt gutt Politik. An ëmgedréint: nëmme well mer eng Persoun net geet, huet se och schlecht Iddien. Vläicht muss een da rëm zréck bei Schrëtt 1 (wat wëll ech?) an 2 (wat soen d’Kandidat*innen?). An dat vläicht e puer mol. Wann een dann ëmmer nach net op ee gréngen Zweig kënnt, bleift engem just nach eent: sech déi nächste Kéier selwer opsetzen