De Robert Goebbels gesäit nëmmen e moderat Interessi vun de Bierger un der Politik.

D'Carte Blanche vum Robert Goebbels

No 13 Joer Diskussiounen huet d’Chamber mat der noutwendeger Majoritéit dat neit Grondgesetz ofgeseent. Et gëtt dozou kee Referendum. Den dräifachen Nee vun 2015 schéint zur Erkenntnis geféiert ze hunn, dass de Vollek-Souveräin net ëmmer op déi gestallte Froen äntwert, mee d’Geleeënheet notzt, fir sengem allgemenge Frust Ausdrock ze ginn.

Och däerf bezweifelt ginn, ob de Basis-Bierger wierklech politesch esou interesséiert ass, wéi munch Kommentatoren dat gesinn.

Zwar haten 18.645 Matbierger d’Petitioun fir e Referendum iwwert déi nei Verfassung ënnerzeechent. Mais ewéi an de Gemengen d’Lëschte louchen, déi dëse Referendum juristesch erméiglecht hätten, hu just e puer Honnert Verfechter vun der direkter Demokratie ënnerschriwwen.

Petitioune sinn einfach. Wann eng Petitioun um Internet-Site vun der Chamber steet, geet e Klick duer, fir den angebleche Wëlle vum Vollek ze dokumentéieren. Iwwer 2.600 Petitiounen beleeën, dass d’Vollek vill Imaginatioun huet. Awer meeschtens net der selwechter Meenung ass.

Ëm déi 10% vun de Petitioune kréien déi noutwendeg 4.500 Ënnerschrëften, déi Chamber dozou zwéngen, sech mat der Problematik ze befaassen.

Woubäi d’Ziler vun de Petitionären sech vill ze oft op „Wéini si mir nees fräi, wéini gëtt et méi an der Pai?“ resuméieren. Vill Petitionäre schéinen ze mengen, de Staat kéint all Bobo gratis behandelen.

Et ass respektabel, dass gutt organiséiert Minoritéiten d’Petitiouns-Instrument notzen, fir op en Uleies opmierksam ze maachen.

Mee an enger Demokratie muss de Gesetzgeber versichen, méiglechst equilibréiert den allgemengen Interessen Rechnung ze droen. Duerfir kréien an enger representativer Demokratie direkt gewielten Deputéiert e Mandat vun de Bierger, déi sech déi Partei auswielen, déi hir Interessen am beschte vertrëtt. Dat geschitt den 8. Oktober.

Leider schéint den allgemengen Interessi un der Aarbecht vu Chamber a Regierung net all ze grouss ze sinn. Manner ewéi 6.000 Bierger hunn dat neit „D’Chamberblietchen“ abonéiert, obwuel et gratis ass. Net grad encourageant fir eng informéiert Bierger-Participatioun.