De Marc Limpach mat enger Carte blanche iwwert de Weltwirtschaftsforum zu Davos.

Carte Blanche vum Marc Limpach

1924 huet den Thomas Mann säi Roman Zauberberg verëffentlecht. Doranner schwätze Patienten am Sanatorium zu Davos immens vill – virun allem laanschteneen – an ouni Konsequenz. Um Weltwirtschaftsforum zu Davos ass et hautdesdaags net ganz anescht. Just heiansdo bleift eng Interventioun an Erënnerung: Esou déi vum Al Gore dëst Joer iwwert de Klimawandel [1] oder déi vum hollänneschen Historiker Rutger Bregman, deen 2019 festgestallt huet, et wier zu Davos wéi op enger Pompjeeskonferenz, wou keen iwwer Waasser schwätzt, well méi héich Steieren fir di Superräich en Tabu sinn.[2]Um Ufank vum Gipfel hunn dëst Joer esouguer verschidde Millionären selwer dozou opgeruff, dass se méi besteiert misste ginn.[3] D’ONG Oxfam huet zäitgläich e Rapport verëffentlecht, dee weist wéi katastrophal d’Schéier tëscht Aarm a Räich wärend der Pandemie nach gewuess ass.[4] 1% vun der Weltbevëlkerung gehéieren elo iwwer 45% vum weltwäite Räichtum – Steieren fir déi Superräich wieren Oxfam no e wichtegen Deel vun der Léisung. D’Realitéit ass eng aner: dem Elon Musk säi Räichtum ass vun 2014 bis 2018 mat 3,3%, dem Jeff Bezos säin, mat 0,9% real besteiert ginn.[5] Dobäi sinn et grad Milliardären, déi mat hirem Liewensstil am meeschten CO2 an d’Atmosphär blosen. Déi Räichsten op der Welt bereede sech donieft awer individuell op d'Klimakris an eventuell sozial Onroue vir: Si plangen hir Flucht an isoléiert Luxusdierfer an den éisträicheschen Alpen oder, wéi de Peter Thiel, an Neuseeland. Nëmmen di Aner sollen ënner de Konsequenze vun engem wirtschaftleche System leiden, dee si selwer esou räich gemaach huet.[6]

Fir dass déi richteg Froen net gestallt ginn, gëtt d’Bevëlkerung oft mat rietspopulisteschem Quatsch ofgespeist.[7] E Mataarbechter vum konservativen Ex-Kanzler Kurz an Éisträich huet dann och an enger vertraulecher SMS un en ÖVP-Parteikolleeg geschriwwen, si wären „die Hure für die Reichen“.[8] De Kurz schafft entretemps fir de Peter Thiel an di lescht Ëmfroen an Éisträich weisen, dass dem Kickl seng latent rietsextrem FPÖ [9] als stäerkste Partei bei 28% läit. Dobäi wosste mer schonn aus der Geschicht, dass wann d’Parteie riets vun der Mëtt di rietsextrem Parteien noäffen, dat schlecht fir d’Demokratie ass. [10] Esou mécht et engem och Suergen, wann den EVP-Chef Manfred Weber de Silvio Berlusconi am italienesche Walkampf ënnerstëtzt huet an elo, Ufank Januar, d’Cheffin vun de Postfaschisten zu Roum fir taktesch Gespréicher getraff huet.11]

Eis Welt brauch demokratesch Transparenz, objektiv Fakten ouni Tabu a gerecht Steierreformen op nationalem [12] an internationalem Plang, fir dass dringend néideg Investitiounen an Infrastrukturen a Klimatechnologie, a Gesondheets-, Bildungs- a sozial Sécherungssystemer méiglech sinn. Soss bleift den Zoustand vun eiser Welt esou ongesond, wéi déi longekrank Patienten am Thomas Mann sengem Roman.


[1]www.lemonde.fr/en/economy/article/2023/01/19/davos-forum-al-gore-launches-a-wide-ranging-attack_6012225_19.html

[2] De Bregman sot: “It feels like I’m at a firefighters conference and no one’s allowed to speak about water, right […] Just stop talking about philanthropy and start talking about taxes. … We can invite Bono once more, but we’ve got to be talking about taxes. That’s it. Taxes, taxes, taxes. All the rest is bullshit in my opinion.” Kuck: www.theguardian.com/business/2019/feb/01/rutger-bregman-world-economic-forum-davos-speech-tax-billionaires-capitalism

[3]www.intaxwetrust.org Kuck och: www.theguardian.com/business/2023/jan/18/tax-us-now-ultra-rich-wealth-tax-davos

[4] Oxfam: Survival of the Richest, 16. Januar 2023, www.oxfam.org/en/research/survival-richest. Zënter dem Ufank vun der Corona-Pandemie huet de räichste Prozent vun der Weltbevëlkerung ongeféier zwee Drëttel vum weltwäite Wuesstem u Räichtum akasséiert. Zur selwechter Zäit liewen 1,7 Milliarden Salariéen a Länner, wou d'Liewenskäschte méi séier klammen wéi d'Léin. Fir déi éischte Kéier zanter 25 Joer sinn extreme Räichtum an extrem Aarmut gläichzäiteg eropgaangen.

[5] ProPublica: The Secret IRS Files: Trove of Never-Before-Seen Records Reveal How the Wealthiest Avoid Income Tax, 2021. www.propublica.org/article/the-secret-irs-files-trove-of-never-before-seen-records-reveal-how-the-wealthiest-avoid-income-tax

[6]www.kontrast.at/siedlung-fuer-reiche-tirol

[7] Vgl. Natascha Strobl: Radikalisierter Konservatismus. Eine Analyse. Suhrkamp, Berlin 2021 an www.kontrast.at/natascha-strobl-interview-buch/. Vgl. och Robert Misik: Die falschen Freunde der einfachen Leute. Suhrkamp, Berlin 2019.

[8]www.derstandard.at/story/2000132106195/schmid-an-mitarbeiter-im-finanzministerium-du-bist-die-hure-fuer

[9]www.derstandard.de/story/2000128225055/herbert-kickl-und-der-rechtsextremismus

[10] Daniel Ziblatt: Die Schwäche Konservativer Parteien und der Untergang der Weimarer Demokratie. In: Thomas Weber (Hg.): Als die Demokratie starb - Die Machtergreifung der Nationalsozialisten – Geschichte und Gegenwart. Herder, Freiburg 2022, S. 89 ff.

[11]www.faz.net/aktuell/politik/manfred-weber-hat-keine-beruehrungaengste-vor-italiens-rechtskoalition-18584053.html

[12] Max Leners / Marc Limpach (sous la direction de) : Impôts et justice fiscale au Luxembourg : les éléments clés pour une future réforme, Fondation Robert Krieps 2021, 208 Säiten.