
Vum Pierre Hurt, directeur de l’Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils. (oai.lu)
Brauche mir eng kulturell Revolutioun? Jo. Well all déi materiell an technesch Revolutiounen an déi leider selwer verschëlden akut Krisen, kënne mir nëmmen och mat enger kultureller Revolutioun meeschteren. De Mënsch mat sengem Verhale steet am Mëttelpunkt.
Den Erich Fromm huet et schonn 1976 a sengem Buch "Haben oder Sein " op de Punkt bruecht. Mir brauchen en Paradigmewiessel: ewech vum kuerzfristege Profitdenken a bloussem Consumérismus zum reelle Bien-Être.
D’Suffizienz "sobriété heureuse" muss am Mëttelpunkt stoen, nom Motto "Manner ass méi, wa Manner Qualitéit a Gesondheet ass".
Wat musse mer dann elo änneren? D’Kultur vum Vertrauen, Confiance, nees an den Zentrum vun all eise gesellschaftleche Relatioune setzen, ewech vun der Judicarisation an dem iwwerdriwwenem Carcan administratif. Ons eege Barrièrë vum Mësstrauen ofbauen. Mutt zum kalkuléiertem Risiko, ewech vun eiser Kontrollsucht op de falsche Plazen.
Och eng Revolutioun an eiser Gesetzgebung - zemol am Bau, Gesetzesprojete wierklech am Virfeld mat den Acteure vum Terrain testen. Courage zum Progrès duerch experimentell Pilotprojeten.
Baukultur entsteet net duerch Texter, mee duerch ee gesellschaftleche Prozess am offenen Dialog mat allen Acteuren.
Diskutéiert mat ons um Site oai.lu, wou mir e Programm mat 12 ganz konkrete Mesure fir dëst Superwaljoer publizéiert hunn.
Déi fräischaffend Architekten, Ingenieuren an Urbanisten hunn Äntwerten op vill vun eise Problemer, wa mir hiert kreatiivt Potenzial richteg asetzen.