Eng Carte Blanche vum woxx-Journalist Richard Graf iwwert dat neit Denkmalschutzgesetz, dat nach eng Kéier op e Leescht muss geholl ginn.

Eng Carte Blanche vum Richard Graf

Dëser Deeg fënnt zu Miersch eng ëffentlech Enquête statt, bei der d'Bierger*innen sollen zu deene fir hir Gemeng virgeschloe Klasséierungen a Saachen Denkmalschutz Stellung huelen.

Miersch ass domadder déi éischt Gemeng am Land, wou dëst Verfaren duerchgezu gëtt – an dat mol net ee Joer, nodeem de neie gesetzleche Kader dozou an der Chamber gestëmmt gouf.

Et ginn also Neel mat Käpp gemaach, an dach muss eens ech d'Fro stellen, op de Wee vun engem nationale Regëster, Gemeng pro Gemeng, eleng dee richtegen ass.

Tatsächlech dierft et Joerzéngten daueren, bis den Inventar komplett ass. Bis dohinner gëllt, an deene verbleiwende Gemengen déi bekannte Prozedur: Wann en Haus sollt ofgerappt ginn, an déi Informatioun dann och bis an de Kulturministère virdréngt, kann eng Klasséierungsprozedur ageleet ginn.

Oft kënnt déi Prozedur awer ze spéit an d'Spill - da wann d'Gebaier, mat enger agerechenter Plus-value, schonns verkaaft oder d'Baggeren esouguer schonns am Rulle sinn.

D'Resultat erliewe mer all Dag: Ee Bléck op d'Facebooksäit vu "Luxembourg under Destruction" weist eis, dat d'Course géint Zäit längst verluer ass. Nëmmen ee Brochdeel vun dem wat der Zerstéierung ausgesat ass, gëtt am Enn erhalen.

An esouguer, wann eng Klasséierung ausgeschwat gëtt, kommen d'Geriichter nawell gären zur Konklusioun, dat de Verloscht vun der Plus-value fir d'Proprietär*innen iwwert dem allgemenge Wäert vum Denkmalschutz rangéiert.

Awer och ëffentlech Acteure vergiesse ganz schnell, dat d'Erhale vum Patrimoine zu hire prioritäre Responsabilitéite gehéiert. An da ginn historesch Garen, oder zu Scheieren degradéiert Annexë vu klasséierte Baudenkmäler awer ongepréift platt gemaach.

Aus dëse Grënn hunn d'Initiator*inne vu "Luxembourg under Destruction" d'Chamberspetitioun 2477 opgeluecht, déi nawell zolitten Zousproch fënnt, an nach bis e Freideg kann ënnerschriwwe ginn.

Et geet drëm eng Ëmkéier vun der Beweislaascht hierzestellen: Wann een Haus, dat virun 1957 gebaut gouf, soll ofgerappt ginn, dann mussen d'Proprietär*innen beleeën, firwat dat Gebai net erhalenswäert ass. Déi Iddi gouf schonn 2020 an enger änlecher Petitioun lancéiert, allerdéngs vun der Chamber net iwwerholl - mam Verweis op dat zukünftegt Denkmalschutzgesetz, bei dem alles sollt besser ginn.

No engem enttäuschenden Tëschebilan, wëll d'Petitioun 2477 elo op ee Neits den Debat iwwer eng „kohärent an effikass“ provozéieren, fir datt och d'Politik sech zu engem Problem muss bekennen, den eng schnell - a fir all Betraffen iwwersichtlech - Léisung brauch.