Demokratie oder wat eigentlech? D'Schrëftstellerin Elise Schmit mécht sech Gedanken iwwert d’Konsequenze vum demografesche Wandel.

2022 ware 47,1 Prozent vun der Populatioun zu Lëtzebuerg Leit, déi kee lëtzebuergesche Pass haten.[1] Par rapport zu 2011, wéi déi leschte Kéier gezielt gouf, waren dat gutt 4 Prozent méi. Et kann ee sech deemno ausrechnen, datt et net méi laang dauert, da liewen zu Lëtzebuerg méi Leit ouni lëtzebuergesche Pass wéi Leit mat sou engem Pass. Mir wäerten et net mierken, ma vun engem Dag op deen aneren wäerten zu Lëtzebuerg déi Leit, déi op d’mannst 18 Joer al sinn an e politescht Matsproocherecht hunn, déi also kënne mat an d’Chamberwale goen, respektiv hir Stëmm bei deene Walen ofginn, an der Minoritéit sinn. Vläicht kann een deen Dag den „Democracy Overshoot Day“ nennen, esou wéi et en „Earth Overshoot Day“ gëtt, un deem e Land all déi Ressourcë verbraucht huet, déi him fir e ganzt Joer géifen zur Verfügung stoen.[2] D‘Demokratie wäert dann deementspriechend opgebraucht sinn. Mat dem politesche System vu bis elo wär et eriwwer.

Mee wat si mer, wa mer eis demokratesch Ressourcë bis verbraucht hunn?  Mir fält et schwéier, „Demokratie“ zu engem System ze soen, an deem dee Grupp, deen decidéiert, méi kleng ass wéi deen, deen net decidéiert. Well eng Demokratie ass jo eng Staatsform, bei där en Deel vun der Bevëlkerung, dee grouss genuch ass, datt een en d‘„Vollek“ kann nennen, der Gemeinschaft d’Reegele gëtt.

Nom Aristoteles gëtt et sechs verschidde Staatsformen. An zwou dovun bestëmmt eng Minoritéit iwwert eng Majoritéit. Déi éischt ass d‘Timokratie oder d‘Aristokratie[3], d’Herrschaft vun enger Elite, déi dës Herrschaft duerch hir Meritten tatsächlech verdéngt. Op Lëtzebuerg bezunn wär dat natierlech fir ze laachen, mir si jo net besser wéi aner Leit. Da bleift just zweetens: eng Oligarchie. Dat bedeit, nom Aristoteles, datt eng gewësse Gewalt bei der Ausübung vun der Muecht am Spill ass, soe mer mol: Dacks net méi wéi den zoufällege Privileeg, anzwousch gebuer ze sinn, fir dierfe mat ze decidéieren, wat do gespillt gëtt.

Et gëtt also komplizéiert: Lëtzebuerg wär dem Numm no eng Monarchie, an där de Monarch awer näischt ze soen huet, dem Selbstverständnis no eng Demokratie, mee och dat wär eng Illusioun, well jo guer net méi d’Majoritéit vun der Bevëlkerung an der Chamber representéiert wär, an dofir de facto eng Oligarchie, an där eng Minoritéit d‘politesch Geschécker leet.

Vläicht iwwerdreiwen ech an dat ass alles guer kee Problem. Wann ee sech den Athener hir Demokratie ukuckt, gesäit ee jo och, wien alles kee Bierger war an deemno kee politescht Matsproocherecht hat: nieft de Fraen an de Sklaven generell Friemer, déi eben de Pech haten, keng athenesch Elteren ze hunn[4]. Vun deenen, déi un der Muecht waren a sech fir Demokrate gehalen hunn, huet dat deemools och kee grouss gestéiert.


[1]https://statistiques.public.lu/dam-assets/catalogue-publications/en-chiffres/2022/demographie-en-chiffre-22.pdf (opgeruff den 20.2.2023).

[2] Lëtzebuerg huet 2023 just sechs Woche gebraucht, fir all d’Ressourcen ze verbrauchen, déi dem Land an der Optik vun engem nohaltegen Verbrauch fir e ganzt Joer zur Verfügung gestanen hätten. Den „Earth Overshoot Day“ war dëst Joer bei eis de 14. Februar.

[3] „Timokratie“ heescht déi Staatsform an der Nikomachescher Ethik, „Aristokratie“ an der Politik.

[4] Ech mengen hei déi Leit, déi d’Athener „Metoiken“ genannt hunn, also „Matbewunner“.