30 km/h an den Uertschaften

An de Lëtzebuerger Gemenge ginn ëmmer méi Zonen agefouert, wou maximal Vitess bei 30 km/h leit an net méi bei 50. Dat ass richteg, mee et kéint een et besser a méi einfach maachen, mengt de Paul Hammelmann an senger Carte blanche.
Jo et kéint een et besser an virun allem méi gerecht maachen, well déi „30er Zonen“ beinhalten eng gewëssen „insécurité juridique“. Fir Leit, déi sech normalerweis un all Reegelen halen an déi – well si et net besser woussten – an enger „30er Zone“ ze séier waren an deementspriechend verbaliséiert ginn, bréngt dat Frust an vill Ierger mat sech.
Dofir, an aus aneren Aktualitéitsgrënn op déi ech net wëll agoen, proposéieren elo endlech verschidden Gemengepolitiker fir flächendeckend an den Uertschaften eng Limite vun 30 km/h anzeféieren. Iwwerall do wou déi 3 Verkéierteilnehmer, den Foussgänger, den Vëlosfuerer an den Automobiliste sech begéinen, soll déi allgemeng Reegel 30 sinn, well Een ass esou wäert wéi den Aneren.
Dozou kommen awer Stroossenabschnitter, wou den Automobilist eng „dominant“ Roll däerf spillen, ebe well keng sougenannten „schwaach Verkéiersteilnehmer“ do zirkuléieren: hei kann mat 50 gefuer ginn, et ass speziell esou gezeechent, als Ausnam zu der allgemenger 30er Reegel. Dat funktionéiert esou ganz zefriddestellend zu Bréissel, zu Paräis an an allen spueneschen Uertschaften.
30 innerorts bréngt awer nach aner Virdeeler:
- Probabilitéit vun engem Foussgänger bei enger Kollisioun mat engem Auto ze iwwerliewen läit:
mat 30km/h bei 95% mat 50 km/h bei 53% an
mat 60 km/h nach just bei 20%.
- D’Bléckfeld („champs visuel“) vum Autofuerer bedréit mat 30 km/h 120°, mat 50 km/h sinn et nach just 90°.
- En Auto dee mat 30 ënnerwee ass brauch 13,5 Meter fir stoen ze bleiwen; mat 50 km/h sinn dat 27,5 Meter.
Souvill zur Sécherheet!
De Städteplaner Prof. Florian Hertweck huet an deem Kontext hei op der Antenne och vum ekologeschen Impakt an vun der Pollutioun geschwat.
Zousätzlech dozou kann een och feststellen dat de Geräuschpegel am Uertskär bei 30 ëm 3 DB ofhëlt an dat bei dëser Vitesselimite eng 20-50 cm am Stroosseraum kënnen fräi gemaach ginn fir Trottoiren, Vëlospisten oder Vegetatioun.
Natierlech wäerten elo eng Rei Leit (Onverbesserlecher) géint dës Reegel Stuerm lauden, mee dat hunn se och gemaach wéi Vitesslimitatioun vun 60 op 50 agefouert gouf, an wou, an den 70er Joren d’Ceinture obligatoresch ginn ass hunn se esouguer landeswäit „Hupkonzerter“ organiséiert!
Haut ass dat Alles akzeptéiert.
Als ultimatiivt Argument vun den Opponenten bleift dann nach den Zäitverloscht: dee leit theoretesch bei 18 Sekonnen de Kilometer.
Mee d’Stied gehéieren jo de Mënschen, net den Autoen.