Mat Bléck op d’Aktualitéit, ass d’Fro vun de Reliounen nach ëmmer aktuell. Dozou e puer Iwwerleeunge vum Lambert Schlechter, Schrëftsteller a Philosoph...
« Ech hu keng Relioun, an heiansdo géing ech mer wënschen, dat all d’Reliounen um Grond vum Ozean wären… » — dat ass en Aussprooch vum Mustapha Kemal Atatürk, dem Begrënner vum modernen, laizisteschen an demokrateschen tierkesche Staat.

Den Atatürk ass 1938 gestuerwen, an et schéngt interessant, seng Gedanken, am Kontext vun deem, wat dëser Deeg an der Tierkei vir sech geet, emol erëm opzesichen an opzefrëschen.

Zur politesch-reliéiser Situatioun a sengem Land huet hien dat hei geschriwwen: „Säit méi wéi 500 Joer goufen an der Tierkei, an allen Eenzelheeten d’Gesetzer festgeluecht, no de Virschrëften an Theorie vun engem alen arabesche Scheich [domat mengt hien de Mohammed] an no den Interpretatioune vu verlotterten an ignorante Kleriker.“

Hie kënnt dann zu enger schroffer Conclusioun, wann e schreift: „Den Islam, eng absurd Theologie vun engem immoralesche Beduin, ass e verwesende Kadaver, deen onst Liewe vergëft…“

D’Stéchwuert „vergëft“ erënnert un e Buch vum Psychoanalytiker Tilman Moser, mat dem Titel „Die Gottesvergiftung“, datt sech net mat dem Islam, mä mat deenen zwou anere monothéistesche Reliounen auserneesetzt.

Déi 3 Götter an deenen 3 monothéistesche Reliounen haten an hu vill Unhänger, Mënschen, déi, wéi ee seet, u si gleewen.

Dat ass hiert Recht — an dat soll a ka keen hinnen huelen.

Et huet een awer grad esou d’Recht, dee Gott an dee Gottesglawen ze hannerfroen a kritesch ze beliichten.

*

Een éischt Hannerfroe kann ee ganz einfach an elementar ausdrécken: mat enger eenzeger Fro:
Dee Gott, wou kënnt en hier?

Wann een emol de Gott an d’Perspektiv vun der Zäit setzt, kann een direkt feststellen, datt de Gott extrem rezent ass, wann een dervun ausgeet, datt d’Mënschheet säit honnertdausende Joeren existéiert.

Vru kuerzer Zäit also, knapp eng Rei Joerhonnerten hier, hunn op verschiddene Plazen am Vorderen Orient e puer Mënschen eng Stëmm aus dem Jenseits gehéiert: déi Mënsche sinn ons bekannt, et woren: den Abraham, de Moses, de Jesus, de Paulus, an de Mohammed.

Fir si alleguer wor et kloer: déi Stëmm war d’Stëmm vu Gott — an dat wat Gott hinne sot, gouf weidergesot a weidergesot, an enges daags och opgeschriwwen. An esou sinn déi 3 helleg Bicher entstan.

A säit hier bestëmmen déi 3 helleg Bicher wat d’Mënsche gleewe sollen, denke sollen, maache sollen.

Joerhonnertelaang hu reliéis a politesch Machthaber, mat hirem hellege Buch an der Hand, de mënschleche Geescht gegängelt an ënnerdréckt, an all autonoomt a fräit Denken ënnerbonnen a verbueden.

An Europa, säit dem 18. Joerhonnert, konnt lues a lues, géint brutale Widderstand, eng Gedankefräiheet sech entwéckelen. Sech als Atheist erklären, gëtt haut net méi mat dem Doud bestrooft…

An den islamesche Länner ass dat nach laang net de Fall — an et kann een dem Atatürk säi Gedanke gutt novollzéien, wann hie wënscht, dat all Reliounen um Grond vum Ozean léichen…