Fir d’Wanterspiller am Kaukasus kann ee sech begeeschteren — ma net onbedengt… Dozou eng Carte Blanche vum Lambert Schlechter.

Et geet ëm Sekonnen, Zéngtelssekonnen, Honnertstelsekonnen… Do muss en derbäi sinn. Ech hat bal gesot: do muss ee matmaachen…

Ech man net mat. Beim 40-Milliarde-Spektakel vu Sochi man ech net mat.

An dach wëll ech haut eng Geschicht erzielen, déi zu Sochi spillt, dëser Deeg. Den Held vu menger Story huet kee Rekord gebrach a kee Gold gewonnen.

Den Held vu menger Story ass Geolog, hien heescht Yevgeny Vitishko, 40 Joer al, a säit längerer Zäit aktiv am Kaukasus als Ëmweltexpert. A well Sochi an där Géigend läit huet hien a seng Mataarbechter sech säit längerer Zäit fir Sochi interesséiert — a fir déi dramatesch Ëmweltzerstéierungen déi am Zesummenhank mat dem Putin senge Wanterspiller do verbrach goufen.

Seng Organisatioun „Surveillance de l’Environnement du Caucase Nord“ huet en alarmante Rapport zesummegestallt, an dem des Verbriechen un der Natur mat korrupten an illegale Machenschaften ugeprangert ginn.

E Puer Deeg virun der feierlecher Ouverture vun de Wanterspiller, sollt den Yevgeni Vitishko dëse Rapport an enger Pressekonferenz virstellen. Dozou sollt et awer net kommen: hie gouf verhaft an agespaart.

De Grond? Dat gleeft elo keen — mä esou steet et wuertwiertlech an der Uklo: „Op enger Bus-Statioun huet de Vitishko haart geflucht“. E Polizist, dee (wuel net zoufälleg) nobäi stoung huet dat héieren — et voilà, dat mécht zwou Woche Prisong — a fir d’Zäit vun de Spiller ass de Plogeescht aus dem Verkéier. An d’gëlle Médaille kënne weider klirren — Gold a Sëlwer a Bronz…

Sou einfach geet dat am Putin sengem Milliarde-Wanterspiller-Russland.

Meng Story ass awer nach net zu Enn.

Schonn am Dezember hat et eng Uklo géint onsen Ëmweltmilitant ginn. Et huet geheescht, hien hätt op eng Wellblechpalissade zwee Sätz gesprayt. Dës Palissade verstoppt e Palais, deen de Gouverneur vun der Krasnodar-Region, Alexander Tkachev, (genannt „Sanya) sech illegal op Naturschutzgebiet baue gelooss huet — dofir de Spray, an dem et heescht: „De Sanya ass en Déif“ an „Dëst ass onse Bësch“… De Sanya ass e gudde Frënd vum Putin, wéi kënnt et anescht sinn.

D’Gericht, dat och gutt Frënd mam Putin ass, huet elo dëse Mëttwoch 12. Februar, an engem kuerze Prozess säin Uerteel gesprach: fir de Spray op der Palissade vum Gouverneur-Palais gëtt et 3 Joer Stroflager.

Amnesty International huet en dréngenden Appell un de CIO gemaach, soufort ze intervenéieren. De Cio huet nach net geäntwert. De CIO drénkt Schampes mam Putin. Vive de Sport!