Virun e puer Deeg gouf a mengem Lycée fir di aachte Kéier dee mëttlerweil traditionelle Liesconcours organiséiert. D’Formule ass denkbar einfach: pro Klassenniveau a pro Sprooch goufen de Schüler zwee Bicher proposéiert, déi si fir den Dag vum Concours hu misse liesen an zu deene si Froe gestallt kruten.

Dat alles schéngt op den éischte Bléck zimlech banal, ass et awer net. Et ass nämlech ëmmer erëm erstaunlech, wéi vill Schüler fräiwëlleg bei dësem Concours matmaachen – dëst Joer woren et der iwwer 170.

Eng Rei Schüler hate sech esouguer fir e puer Sproochen ageschriwwen, wat e Pensum vu véier oder méi Bicher bedeit huet. D’Präisser eleng kënnen dësen Zoulaf net erklären: si sinn zwar net onattraktiv, eng Weltrees ass awer net dobäi.

Et ass also net verbueden, eng optimistesch Conclusioun ze zéien: och am Zäitalter vum Multimedia a vun de bal onbegrenzte Fräizäitméiglechkeete ginn et nach ëmmer vill Jugendlecher, déi zum Buch gräifen – an dat net nëmmen, wa si eng Prüfung virbereede mussen.

Interessant ass an deem Kontext och, datt een a punkto Beléiftheet vun de verschiddene Sprooche keng grouss Ënnerscheeder feststellt. Sou gouf zum Beispill Franséisch genau esou oft wéi Däitsch gewielt. Déi oft geäussert Thes vun enger massiver Ofneigung géigeniwwer dem Franséische gëtt hei als eng simplistesch Verallgemengerung entlarvt.

Fir eis Sproocheproffen ass de Succès vun enger Initiativ wéi dem Liesconcours op alle Fall e groussen Encouragement. E weist, datt een och haut nach Jugendlecher mat relativ einfache Mëttelen zum Liese kann motivéieren.

Souwisou sollt ee sech froen, ob di Aart a Weis, wéi verschidde Leit iwwer Schüler a Studente schwätzen, net méi iwwert si selwer ausseet wéi iwwert di Jonk.

Wann zum Beispill behaapt gëtt, di heuteg Jugend hätt mat Poesie oder mat Auteuren wéi Camus, Hugo oder Goethe näischt méi um Hutt, gëtt een den Androck net lass, datt hei blaséiert Erwuessener hir eegen intellektuell Trägheet a Middegkeet op di Jonk projezéieren.

Natierlech ass et haut fir den Enseignant net ëmmer einfach, den zäitlose Wäert vu literaresche Wierker ze vermëttelen. Dat verlaangt vun him vill Iwwerzeegung, Asaz an Enthusiasmus. Fir et mat de Wierder vum Komponist Gustav Mahler ze soen: Traditioun ass d’Weiderginn vum Feier, an net d’Ubiedung vun den Äschen. An et läit un den Erwuessenen, dëst Feier un di nächst Generatioun weiderzeginn.

Maache mir also net de Feeler, di Jonk als eng homogen Mass duerzestellen a mat e puer vage Klischeeën ofzefäerdegen: si schaffe just nach op de Minimum, si liesen näischt méi, si si materialistesch an esou weider. Sécher wier et naiv, d’Existenz vun esou Tendenze ganz ofzestreiden. Mä wann een éierlech ass, kann een dës Verhalensweise bei Erwuessene genausou oft, wann net méi oft feststelle wéi bei de Jonken. Dat sougenannt léifstent Kand vum Lëtzebuerger ass jo bekanntermoossen net d’Buch, mä den Auto.

AUDIO: D'Carte Blanche vum Alain Wagner.