Ob mënschlech Grondwäerter sollen oder musse reliéis verankert sinn, dat ass d’Fro, déi de Lambert Schlechter haut a senger Carte Blanche uschneit.

An der Aktualitéit si mer zanter e puer Woche konfrontéiert mat de verbriecheresche Machenschafte vun der Boko-Haram-Organisatioun, déi am Norde vu Nigeria 270 Schoulmeedercher gekidnappt a verschleeft huet. Dës Meedercher musse gestrooft ginn.

Si ware gutt Schülerinnen an enger Eliteschoul, déi zu 2/3 vu Chrëschtinnen an 1/3 vu Musulmaninne besicht gouf.

Den Numm vum Terroriste-Grupp Boko Haram bedeit an der Haoussa-Sprooch: „D’westlech Erzéiung ass eng Sënn“.

Dës Meedercher sollen elo enger Zwangsbekéierung ënnerworf ginn, an erzuginn an de Wäerter vun der eenzeger richteger Erzéiung, nämlech enger strikt reliéiser, sou wéi et am Koran geschriwwe steet, am hellege Buch, dat Gott selwer diktéiert huet …

Mir halen d’Boko Haram fir Fanatiker a Verbriecher — Verbriecher un der Mënschheet, un der Kandheet.

Si selwer gesinn dat, natierlech, net esou. Si sinn heldenhaft Militante vum Glaf, devouéiert Missionäre vun der eenzeger Wourecht, déi nëmme gëttlech si kann.

Dat gëtt engem ze denken.

A vun do aus, beim Weiderdenken, e Spronk bis an ons Lëtzebuerger Aktualitéit, wou zanter Méint d’Debatt iwwert de Reliounsunterrecht an der Staatsschoul op Héichtoure leeft.

An dëser Ausernanersetzung iwwert de Wäerteunterricht ass vun de Befürworter vum Erhale vum Reliounsunterrecht widderhuelt feierlech deklaréiert ginn, nëmme reliéis verankert Wäerter wäre richteg Wäerter, alles anescht wär Relativismus, wann net Atheismus. An also Nihilismus an Anarchie.

Och dat gëtt engem ze denken.

Ons heiteg fräiheetlech Demokratien an egalitär Gesellschaftssystemer foussen op Gedanken, déi sech an enger bal dräidausendjäreger Geeschtesgeschicht entwéckelt hunn, fir sech an enger Rei vu grondleeënden Texter ze verankeren, zu deenen d’amerikanesch Onofhängegkeetserklärung gehéiert, souwéi d’franséisch Déclaration des droits du citoyen a virun allem d‘Allgemeng Mënscherechtserklärung vun 1948.

An dësen Texter gëtt et kee Bezuch op iergendeng Relioun, kee Moment gi si verankert an enger Transzendenz.

All dës Idealer koumen zustanen duerch Denken — net duerch gleewen.

Et ass bezeechnend, dat dës Grondidealer vu Fräiheet a Gläichheet joerhonnertelaang vun der kathoulescher Kierch, bis an d’20. Joerhonnert eran, systematesch a meeschtens brutal bekämpft goufen.

Wann dat alles an der aktueller Wäerte-Debatt an onsem Enseignement vergiess gëtt, leeft eppes schif.