Di westlech Länner ginn der Welt ganz gäre Lektiounen a Saachen Demokratie. Mä wéi gesäit et a Wierklechkeet bei eis mat der Demokratie aus? Liewe mir net éischter an enger « Economokratie » ? Dozou eng Carte Blanche vum Alain Wagner.

Datt d’Wuert « Demokratie » aus dem Griichesche kënnt a wuertwiertlech « Herrschaft vum Vollek » bedeit, huet jiddereen an der Schoul geléiert. Wann di westlech Länner haut iergendwou an der Welt agräifen, geschitt dat bal ëmmer ënner Berufung op demokratesch Wäerter. Woubäi een engersäits feststellt, datt eng « démocratie à l’occidentale » sech net einfach esou an aner Kultur verplanze léisst, an anerersäits, datt sech hannert de sougenannte Wäerter oft handfest materiell Interesse verstoppen.

Doriwwer eraus stellt sech awer nach eng aner Fro : wat bedeit d’Wuert Demokratie haut nach ? Wann ee vun der Definitioun ausgeet, datt an enger Demokratie e Vollek seng Zukunft fräi gestalte kann, muss een zur Konklusioun kommen, datt dës Definitioun an der Praxis net méi ganz zoutrëfft. Duerch d’Globaliséierung sinn di wirtschaftlech Zwäng esou staark ginn, datt den Handlungsspillraum fir d’Politik extrem begrenzt ass. E politesche Wiessel ass do oft just nach kosmetescher Natur a féiert zu kengem fundamentale Wandel. Esou ass dem François Hollande säi Versuch, eng méi lénksorientéiert Wirtschaftspolitik an d’Wee ze leeden, un der brutaler Realitéit vun den ekonomeschen Donnéeë gescheitert.

Hei zu Lëtzebuerg ass d’Muechtlosegkeet vun der Politik virun e puer Joer dokumentéiert ginn, wéi et der deemoleger Regierung net gelongen ass, d’Fusioun vun Arcelor a Mittal ze verhënneren, an dat trotz enger pathetescher Ried vum Staatsminister an der Chamber.

Dat grousst Karussell vum Kapitalismus dréint ëmmer méi séier. Wie sech net unhält, riskéiert ënnert d’Rieder ze kommen. Laangwiereg erkämpfte sozial Acquise gi systematesch a Fro gestallt. Sécher wier et e Feeler, all Form vu Kapitalismus ze verdäiwelen: dee Räichtum, deen d’Betriber erwirtschaften, kënnt der ganzer Gesellschaft zegutt. Mee anerersäits ginn et Fakten, déi weisen, datt et iergendwéi net méi esou weidergoe kann. Sou hunn zum Beispill laut rezente Statistiken di 85 räichst Leit op der Welt genausou vill Ressourcen zur Verfügung wéi d’Hallschent vun der ganzer Weltbevëlkerung!

Eng Ursaach vun dëse skandaléisen Ongläichheeten ass sécher déi, datt de Benefice vun de Betriber haut méi den Aktionäre wéi de Salariéeën zegutt kënnt. Laut enger franséischer Etude ginn d‘Entreprisen net an éischter Linn vun de Salaire belaascht, mee vun der Tatsaach, datt d’Investisseuren ëmmer méi héich Rendite verlaangen. Am Fachjargon schwätzt ee vum „coût du capital“, an dëse Coût ass an de leschte Joerzéngte staark eropgaang. Sécher kann een argumentéieren, datt en Investisseur gewëss Risken ageet. Mee e Salarié, dee joerzéngtelaang enger haarder, kierperlecher Aarbecht nogeet, riskéiert eppes, vun deem mir gäre soen, datt et méi wichteg ass wéi Suen, nämlech seng Gesondheet.

Et ass also héich Zäit, de Primat vun der Politik iwwert d’Economie erëm hierzestellen an ze verhënneren, datt mir e Wirtschaftssystem kréien, dee sech just nach selwer verwalt. Esoulaang eis dat net geléngt, sollte mir mam Wuert Demokratie vläit e bësse méi bescheiden ëmgoen.